Pedro Pablo Kuczynski

Vu Wikipedia
Pedro Pablo Kuczynski
Gebuertsnumm Pedro Pablo Kuczynski Godard
Gebuer 3. Oktober 1938
Lima
Nationalitéit Peru
Educatioun Exeter College,
Princeton Universitéit,
University of Oxford,
Universitéit vu Cambridge
Aktivitéit Ekonomist, Politiker, Banquier

De Pedro Pablo Kuczynski Godard, gebuer den 3. Oktober 1938 zu Lima, ass e peruanesche Politiker amn Ekonomist. Hien ass am Peru och ënner sengen Initiale PPK bekannt, déi och déi vu senger Partei Peruanos Por el Kambio sinn. Hie gouf am Juni 2016 zum Staatspresident vu sengem Land gewielt an den 28. Juli 2016 vereedegt. Den 22. Mäerz 2018 ass hie fréizäiteg zeréckgetrueden.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Pedro Pablo Kuczynski ass de Jong vun enger däitsch-Schwäizer Koppel, déi wéinst hire jiddeschen Originnen 1933 aus Däitschland an de Peru geflücht ass.

Hien huet op der University of Oxford an der Princeton University studéiert. Hien huet fir d'Weltbank an internationalen Investitiounsbanke geschafft, a war President vum Opsiichtstrot vun enger Dose groussse Firmen.

1980 bis 1982 war hie Minister fir Energie a Biergbau, 2001 bis 2002 an 2004 bis 2005 Wirtschafts- a Finanzminister, an 2005 bis 2006 Premierminister vum Peru, wou hien eng stramm neoliberal Linn vertrueden huet.

Nodeems e schonn 2011 ouni Succès fir President kandidéiert hat, gouf hien dann 2016 am zweeten Tour gewielt.

Den 22. Mäerz 2018 ass hien zeréckgetrueden, fir enger Prozedur, wéinst Korruptioun aus dem Amt entlooss ze ginn, zevirzekommen. De Vizepresident Martín Vizcarra huet säin Amt faisant-fonction iwwerholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pedro Pablo Kuczynski – Biller, Videoen oder Audiodateien