Ulisses Correia e Silva

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Den Ulisses Correia e Silva

De José Ulisses de Pina Correia e Silva, gebuer de 4. Juni 1962 zu Praia, ass e kapverdianesche Geschäftsmann a Politiker.

Nodeems seng Partei, de Movimento para Democracia (MpD), den 20. Mäerz 2016 d'Parlamentswale gewonnen hat, gouf hien den 22. Abrëll 2016 zum neie Premierminister ernannt.

De Silva huet tëscht 1989 an 1994 am Bankesecteur geschafft a gouf Verwaltungsdirekter vun der Banco de Cabo Verde. Gläichzäiteg huet hien op der Jean Piaget Universitéit enseignéiert. 1995 bis 1998 war hie Staatssekretär fir Finanzen a vun 1999 bis 2000 Finanzminister a sengem Land.