Ulisses Correia e Silva
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) José Ulisses de Pina Correia e Silva)
Ulisses Correia e Silva | |
---|---|
Gebuertsnumm | José Ulisses de Pina Correia e Silva |
Gebuer |
4. Juni 1962 Praia |
Nationalitéit | Cap Vert |
Aktivitéit | Politiker |
De José Ulisses de Pina Correia e Silva, gebuer de 4. Juni 1962 zu Praia, ass e kapverdianesche Geschäftsmann a Politiker.
Nodeems seng Partei, de Movimento para Democracia (MpD), den 20. Mäerz 2016 d'Parlamentswale gewonnen hat, gouf hien den 22. Abrëll 2016 zum neie Premierminister ernannt. Bei de Wale vum 18. Abrëll 2021 krut d'MdP nees déi meescht Stëmmen, an hie gouf a senger Fonctioun konfirméiert.
De Silva huet tëscht 1989 an 1994 am Bankesecteur geschafft a gouf Verwaltungsdirekter vun der Banco de Cabo Verde. Gläichzäiteg huet hien op der Jean Piaget Universitéit enseignéiert. 1995 bis 1998 war hie Staatssekretär fir Finanzen a vun 1999 bis 2000 Finanzminister a sengem Land.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ulisses Correia e Silva – Biller, Videoen oder Audiodateien |