Op den Inhalt sprangen

Mahamadou Issoufou

Vu Wikipedia
Mahamadou Issoufou
Gebuer 1. Januar 1952
Dandadji
Alter 74 Joer
Nationalitéit Niger
Aktivitéit Politiker
Fonctioun President vum Niger, Premierminister vum Niger
Bestuet mat Lalla Malika Issoufou,
Aïssata Issoufou

De Mahamadou Issoufou, gebuer 1952 zu Dandaji, Niger, ass en nigresche Politiker. Hie gouf am Mäerz 2011 zum President vu sengem Land gewielt.

Schonn 1993 huet hie fir President kandidéiert, ass awer schonn am 1. Tour ausgescheet. Hie gouf dunn de 17. Abrëll 1993 zum Premierminister ernannt (bis September 1994). Vun 1995 bis 1996 war e President der Nationalversammlung. Och 1996, 1999 an 2004 war hien, ouni Succès, Kandidat fir President ze ginn.

De 14. Mäerz 2011 dunn gouf hien am 2. Tour mat 58 % vun e Stëmme Vainqueur vun de Presidentschaftswalen 2011. De 6. Abrëll 2011 huet hie säin Amt ugetrueden.

Bei de Presidentewalen 2016 gouf hien den 20. Mäerz erëmgewielt.