George Michael

Vu Wikipedia
George Michael
Gebuertsnumm Γεώργιος Κυριάκος Παναγιώτου
Gebuer 25. Juni 1963
Gestuerwen 25. Dezember 2016
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Liddermécher, Museksproduzent, Sänger, Lidderschreiwer, Liddertexter, Komponist, Discographesche Kënschtler

Den George Michael, gebuer de 25. Juni 1963 zu Finchley (London) als Georgios Kyriakos Panagiotou, gr.: Γεώργιος Κυριάκος Παναγιώτου, a gestuerwen de 25. Dezember 2016 zu Goring-on-Thames, am Oxfordshire, war e brittesche Sänger, Komponist, Songwriter a Museksproduzent.

Hien huet 1981 mam Andrew Ridgeley den Duo Wham! gegrënnt (deem seng bekanntst Hitten Wake Me Up Before You Go-Go an Next Christmas waren), an 1987 säin éischte Soloalbum mam Titel Faith erausbruecht, deen deen Album mam gréisste Succès vu senger Carrière gouf.

Hien ass de Komponist vun de Stécker Careless Whisper, Wake Me Up Before You Go-Go a Last Christmas (allen dräi 1984 erauskomm). Zäitliewens goufen iwwer 100 Millioune vu sengen Toundréier verkaf.

Den George Michael huet zwéi Grammy Awards gewonnen.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1987: Faith
  • 1990: Listen Without Prejudice Vol. 1
  • 1993: Five Live with Queen
  • 1996: Older
  • 1998: Ladies & Gentlemen, the Best of George Michael
  • 1999: Songs from the Last Century
  • 2004: Patience
  • 2006: TwentyFive
  • 2011: Faith (Remastered)
  • 2014: Symphonica

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: George Michael – Biller, Videoen oder Audiodateien