Op den Inhalt sprangen

Rumen Radew

Vu Wikipedia
Rumen Radew
Funktioun
5. President vu Bulgarien
22. Januar 2017 - 23. Januar 2026
Virgänger Rossen Plewneliew
Nofollger Ilijana Jotowa
Premierminister vu Bulgarien
8. Mee 2026 - haut
Virgänger Andrej Gjoerov
Partei Onofhängeg,
Progressiivt Bulgarien
Biographie
Gebuer 18. Juni 1963
Dimitrovgrad
Nationalitéit Bulgarien
Educatioun Militärakademie Georgi Rakovski,
United States Air Force Academy
Gielercher Erléiser-Uerden
Bestuet mat Desislava Radeva (12.8.2016–),
Ginka Kesjakova (–2014)
Kanner Georgi Radew, Darina Radeva

De Rumen Georgiew Radew (bg.: Румен Георгиев Радев), gebuer den 18. Juni 1963 zu Dimitrowgrad, war vum 22. Januar 2017 bis den 23. Januar 2026 Staatspresident vu Bulgarien, an ass zanter dem 8. Mee 2026 Premierminister vu sengem Land.

De Radew war virdru Generolmajouer vun der Reserv an huet eng Ausbildung als Kampfpilot. 2000 krut hien en Doktertitel a Militärwëssenschaft. 2007 gouf en zum Brigadegenerol ernannt, an 2014 zum Kommandant vun der bulgarescher Loftarméi.

Den 13. November 2016 huet hien am zweeten Tour d'Presidentschaftswalen, als Kandidat vun der Bulgarescher Sozialistescher Partei, gewonnen. Den 23. Januar 2026 ass hien zeréckgetrueden, well hien als Kandidat bei de Parlamentswale wollt matmaachen. D'Vizepresidentin Ilijana Jotowa huet hien ersat.

No sengem Recktrëtt huet hien den 2. Mäerz 2026 d'Parteienallianz Progressiivt Bulgarie gegrënnt an ass mat där bei de Parlamentswalen an deem Joer ugetrueden. Bei de Wale krut hie mat 130 vun 240 Sëtz d'Majoritéit am Parlament.[1]

 Commons: Rumen Radew – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (lb) object Object, Bulgarien: EU "freet sech op Zesummenaarbecht" mam Walgewënner Radew. RTL Lëtzebuerg (20.04.2026). Gekuckt den 20.04.2026.