Rossen Plewneliew
| Rossen Plewneliew | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
4. President vu Bulgarien | |
| 22. Januar 2012 - 22. Januar 2017 | |
| Virgänger | Georgi Parwanow |
| Nofollger | Rumen Radew |
| Biographie | |
| Gebuer |
14. Mee 1964 Gotse Deltsjev |
| Nationalitéit | Bulgarien |
| Gielercher | Grand-croix vum Erléiser-Uerden, Grand collier vum Uerde vum Infant Dom Henrique, Erléiser-Uerden |
| Bestuet mat | Julijana Plevnelieva |
|
| |
De Rossen Assenow Plewneliew (och alt als Rosen Asenov Plevneliev transkribéiert, bulg.: Росен Асенов Плевнелиев); gebuer de 14. Mee 1964 zu Goze Deltschew a Bulgarien, ass e bulgareschen Entreprener a Politiker. Hie war vum 22. Januar 2012 bis den 21. Januar 2017 President vu Bulgarien.
De Plewneliew huet op der Technescher Universitéit zu Sofia Informatik studéiert, an déi Studien 1989 ofgeschloss.[1]
1990 huet hien d'Baufirma Iris International gegrënnt, an 1994 d'LinBulgaria GmbH., 1998 d'Lindner Iris Immobilien OOD als Deel vun der Lindner AG a Bulgarien.
Hie gouf 2009 Minister fir Regional Entwécklung an der Regierung vum Bojko Borissow.
2011 war hien de Spëtzekandidat vu senger Partei GERB fir d'Presidentschaftswalen a gouf den 30. Oktober 2011 am zweeten Tour gewielt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Rossen Plewneliew – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Плевнелиев разкри, че в минал живот бил ирландска пастирка, Mediapool, 18. Dezember 2011
