Maha Vajiralongkorn

Vu Wikipedia
Maha Vajiralongkorn
Gebuertsnumm Vajiralongkorn Borommachakkrayadisonsantatiwong Thewetthamrongsuboriban Aphikhunuprakanmahittaladunladet Phumiphonnaretwarangkun Kittisirisombunsawangkhawat Borommakhattiyaratchakuman, วชิราลงกรณ บรมจักรยาดิศรสันตติวงศ เทเวศรธำรงสุบริบาล อภิคุณูประการมหิตลาดุลเดช ภูมิพลนเรศวรางกูร กิตติสิริสมบูรณ์สวางควัฒน์ บรมขัตติยราชกุมาร
Gebuer 28. Juli 1952
Nationalitéit Thailand
Educatioun University of New South Wales
Aktivitéit Monarch, Politiker, Offizéier, Schrëftsteller, Ëmweltaktivist, Pilot, Geschäftspersoun
Famill
Bestuet mat Suthida
Papp Bhumibol Adulyadej
Kanner Sirivannavari Nariratana

De Maha Vajiralongkorn Bodindradebayavarangkun (Thai: มหาวชิราลงกรณ บดินทรเทพยวรางกูร) oder Rama X., gebuer den 28. Juli 1952 zu Bangkok, ass zanter dem 1. Dezember 2016 Kinnek vun Thailand. Hien ass dat zweet Kand vum verstuerwene Kinnek Bhumibol Adulyadej (Rama IX.) an der Kinnigin Sirikit Kitiyakara. Hie war vun 1972 bis 2016 Krounprënz.

Den 3. Januar 1977 huet hie seng Cousine, d'Prinzessin Soamsavali Kitiyakara bestuet, mat där en eng Duechter huet, d'Prinzessin Bajrakitiyabha (Phra Chao Lan Thoe Phra Ong Chao Bajrakitiyabha, * 1978). D'Bestietnes gouf 1993 gescheet.

Zanter den 1970er war hie mat der Schauspillerin Sucharinee Vivatcharavong, geb. Yuvadhida Polpraserth zesummen; si hu 4 Jongen, de Prënz Chudhavajra (Mom Chao Chudhavajra Mahidol, * 1979), de Prënz Vajraresra (Mom Chao Vajraresra Mahidol, * 1981), de Prënz Chakrivajra (Mom Chao Chakrivajra Mahidol, * 1983) an de Prënz Vajraravira (Mom Chao Vajraravira Mahidol, * 1985), an eng Duechter, d'Prinzessin Sirivannavari Nariratana (Phra Chao Lan Thoe Phra Ong Chao Sirivannavari Nariratana, * 1987).

D'Sucharinee huet hien 1996 verlooss an ass mat de Kanner an England geflücht, de Vajiralongkorn huet déi jéngst Prinzessin zeréck an Thailand huele gelooss.

2001 huet de Vajiralongkorn sech fir d'drëtt bestuet, mat derSrirasmi Suwadee huet hien ee Kand, de Prënz Dipangkorn Rasmijoti (* 2005). 2015 goufe se gescheet.

Titel[änneren | Quelltext änneren]

Säi kinneklechen Titel ass Somdet Phra Chao Yu Hua Maha Vajiralongkorn Bodindradebayavarangkun (Thai: สมเด็จพระเจ้าอยู่หัวมหาวชิราลงกรณ บดินทรเทพยวรางกูร).

Hien ass zanter 1992 Generol an der Royal Thai Army (Landarméi), Admirol an der Royal Thai Navy (Marinn) a Generol an der Royal Thai Air Force

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maha Vajiralongkorn – Biller, Videoen oder Audiodateien