Bhumibol Adulyadej

Vu Wikipedia
Bhumibol Adulyadej
Gebuertsnumm Bhumibala Aduladeja, ภูมิพลอดุลเดช
Gebuer 5. Dezember 1927
Gestuerwen 13. Oktober 2016
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Thailand
Educatioun Universitéit vu Lausanne
Aktivitéit Staatsmann, Politiker, Ingenieur, Saxophonist, Komponist, Jazzmuseker, Monarch, Offizéier, Schrëftsteller, Moler, Enseignant, Segler, Ëmweltaktivist, Assistant social, Fotograf
Famill
Kanner Maha Vajiralongkorn

De Bhumibol Adulyadej de Groussen (Rama IX.); thailännesch: ภูมิพลอดุลยเดช, (Phumiphon Adunyadet; [pʰuːmípʰon ʔàdunjádèːt]), gebuer de 5. Dezember 1927 zu Cambridge am Massachusetts, a gestuerwen den 13. Oktober 2016 zu Bangkok[1], war vum 9. Juni 1946 bis zu sengem Doud Kinnek vun Thailand. Hie war den néngte Kinnek vun der Chakri-Dynastie, den Neveu vum Prajadhipok (Rama VII.) an de klenge Brudder vum Ananda Mahidol (Rama VIII.).

Dem Bhumibol Adulyadej seng Eltere waren de Prënz Mahidol Adulyadej, Fürst vu Songkhla, a seng Fra Mom Sangwal, déi spéiderhin den Numm Srinagarindra krut. Wéi säi Monni Prajadhipok 1935 ofgedankt huet, ouni Kanner ze hunn, gouf dem Bhumibol säi Brudder Ananda Kinnek. Dëse gouf den 9. Juni 1946 erschoss opfonnt, an de Bhumibol gouf neie Kinnek. Hien huet awer fir d'éischt seng Ausbildung an der Schwäiz ofgeschloss, sou laang war säi Monni Regent. 1950 huet hie sech mat der Mom Rajawongse Sirikit Kitiyakara bestuet.

Kuerz virdrun, de 5. Mee 1950 gouf hien am Grousse Palais zu Bangkok gekréint.

D'Koppel krut 4 Kanner: d'Prinzessin Ubol Ratana, de Kinnek Maha Vajiralongkorn, d'Prinzessin Maha Chakri Sirindhorn an d'Prinzessin Chulabhorn Walailak.

Hie war mat senger Fra vum 17. bis den 19. Oktober 1960 op offizieller Staatsvisitt zu Lëtzebuerg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul M. Handley: The King Never Smiles. A Biography of Thailand's Bhumibol Adulyadej. Yale University Press, New Haven 2006, ISBN 0-300-10682-3.
  • Nicholas Grossman, Dominic Faulder (Hrsg.): King Bhumibol Adulyadej – A Life's Work. Thailand's Monarchy in Perspective. Éditions Didier Millet, Singapur 2012, ISBN 978-981-4260-56-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rama IX. – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Thailands König Bhumibol ist tot. Spiegel Online; spiegel.de