Gato Barbieri

Vu Wikipedia
Gato Barbieri
Gebuer 28. November 1932
Rosario
Gestuerwen 2. Abrëll 2016
New York
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Argentinien
Aktivitéit Komponist, Filmkomponist

De Leandro J. "Gato" Barbieri, gebuer den 28. November 1932 zu Rosario, an Argentinien,[1] a gestuerwen den 2. Abrëll 2016 zu New York, war en argentineschen Jazzmuseker (Tenorsaxophon) a Filmmusekkomponist.

Hien huet zu Buenos Aires Musek studéiert a vun 1953 bis 1962 am Lalo Schifrin sengem Orchester gespillt. Dono goung en an Europa (fir d'éischt op Roum), wou e mam Ted Curson, Jim Hall a vun 1965 u mam Don Cherry zesummegeschafft huet. 1967 goung e mam Cherry op New York, wou en an der Free-Jazz-Avantgarde mat Ensembele wéi dem Jazz Composer's Orchestra oder dem Liberation Music Orchestra vum Charlie Haden gespillt huet. Ëm 1970 huet hie sech méi mat der latäinamerikanescher Musek beschäftegt (ë. a. der afrobrasilianescher Musek) mat hire ville verschiddene Rhythmen, déi e mam Jazz vermëscht huet. Albumen aus där Zäit sinn The Third World (1970), Fenix (1971), El Pampero (1972) a Bolivia (1973). De Gato Barbieri huet och am Carla Bley sengem Oratorium Escalator over the Hill matgemaach, a bei Opname vun hirer Suite A Genuine Tong Funeral mam Gary Burton Quartet an dem Jazz Composers' Orchestra. 1972 huet de Barbieri d'Filmmusek fir dem Bernardo Bertolucci säin Ultimo tango a Parigi geschriwwen, wuerfir en e Grammy gewonnen huet.

Zënter dem Enn vun den 1970er spillt hien eng Mëschung aus modernem Jazz a Popmusek, z. B. mam Carlos Santana (Europa).

Discographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Gato Barbieri, 1999

Filmmusek[änneren | Quelltext änneren]

  • 1970: Na boca da noite
  • 1972: Ultimo tango a Parigi
  • 1975: La guerra del cerdo
  • 1979: Firepower
  • 1982: Stranger’s Kiss
  • 1996: Seven Servants

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. El siglo de torreon. Aner Lexikone schreiwen, et wier 1934 gewiescht.