René Federspiel
René Federspiel | |
---|---|
Gebuer |
11. Januar 1929 Klengbetten |
Gestuerwen |
21. Juni 2016 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
De René Federspiel, gebuer den 11. Januar 1929 zu Klengbetten, a gestuerwen den 21. Juni 2016 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e lëtzebuergesche Politiker.
De René Federpiel, deen zënter 1951 Member vun der DP war, war vun 1958[2] bis 1993 Member vum Gemengerot vun der Gemeng Mamer. 1971 gouf hie Schäffen, a vun 1976 bis 1981 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer.[3]
De René Federpiel war President vun der Jeunesse démocratique vun 1955 bis 1956.[4]
De René Federpiel war ganz aktiv am Veräinsliewen. Op seng Initiativ geet ë. a. d'Grënnung vum Syndicat d'initiative et du tourisme vu Mamer a vun den Amis de l'Autriche zeréck. Fir säin Asaz fir d'Verstännegung tëscht Lëtzebuerg an Éisträich ass hie mam Großen Verdienstorden der Republik Österreich ausgezeechent ginn.[3]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Großes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[5].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Karger, C., 2016. “Äddi, léiwe Frënd René”: Zum Tode von René Federspiel, Ehrenbürgermeister von Mamer und rastloser Vereinsmensch. Lëtzebuerger Journal 2016-06-28, Nr. 249, S. 19.
- r.s., 2016. René Federspiel ist verstorben. Tageblatt 2016-06-27, Nr. 148, S. 47.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Karger 2016. Doudesannonce: Tageblatt 2016-06-27, Nr. 148, S. 51; Luxemburger Wort 2016-06-27, Nr. 148, S. 47; Lëtzebuerger Journal 2016-06-28, Nr. 149, S. 19.
- ↑ Doudesannonce vun der Gemeng Mamer, Lëtzebuerger Journal 2016-06-28, Nr. 149, S. 19; beim C. Karger steet, hie wier 1956 an de Gemengerot komm.
- ↑ 3,0 3,1 Karger 2016.
- ↑ Geschicht vun der JDL.
- ↑ Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten