Gust Goerens

Vu Wikipedia
Gust Goerens
Gebuer 12. Dezember 1921
Schieren
Gestuerwen 13. Oktober 2016
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Kanner Charles Goerens

De Gust (Auguste) Goerens, gebuer den 12. Dezember 1921 zu Schieren a gestuerwen den 13. Oktober 2016 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.[1],[2],[3]

De Gust Goerens, dee vu Beruff Bauer war, ass 1966 fir d'éischte Kéier an de Schierener Gemengerot gewielt ginn.[1] Hie war Schäffe vun der Gemeng Schieren vun 1966 bis 1977 a Buergermeeschter vun 1978 bis 1994[4].[5]

Am Zweete Weltkrich war de Gust Goerens 1944 vun der Gestapo verhaft an an der Villa Pauly schwéier mësshandelt ginn.[1]

De Gust Goerens hat sech 1948 mat der Marguerite Hoffmann bestuet, der Duechter vum Emile Hoffmann an der Gertrude Metz vum Mathgeshaff, deen hie vun de Schwéierelteren iwwerholl huet.[1]

De Gust Goerens ass de Papp vum Charel Goerens.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Heinrich 2016.
  2. Luxemburger Wort 2016-10-14, S. 57 (Doudesannonce).
  3. De Gust Goerens op der Websäit ons-jongen-a-meedercher.lu
  4. De P. Heinrich schreift, de G. Goerens hätt sech am Dezember 1993 aus der Politik zeréckgezunn.
  5. Luxemburger Wort 2016-10-15, S. 94 (avis mortuaires: Annonce vun der Schierener Gemeng).