Sigurður Ingi Jóhannsson

Vu Wikipedia
Sigurður Ingi Jóhannsson
Gebuer 20. Abrëll 1962
Nationalitéit Island
Aktivitéit Politiker

De Sigurður Ingi Jóhannsson [ˈsɪːɣʏrðʏr ˈiɲcɪ ˈjouːhansɔn], gebuer den 20. Abrëll 1962 zu Selfoss, ass en islännesche Politiker vun der Fortschrëttspartei.

De Sigurður Ingi Jóhannsson ass Veterinär. Nodeems en 1987 bis 1994 als Bauer geschafft huet, hat hie vun 1990 bis 1995 eng eegen Déierepraxis, a war vun 1996 bis 2009 Déierendokter bei der Veterinärsgesellschaft Suðurland souwéi vun 1996 bis 2011 där hire Comitéspresident. Vrun 2002 bis 2009 war Buergermeeschter vu Hrunamannahreppur.

HIen ass zanter 2009 Deputéierten am islännesche Parlament Althing fir de Waldistrikt Süd. Hie gouf den 23. Mee 2013 Minister fir Fëscherei a Landwirtschaft an der Regierung vum Sigmundur Davíð Gunnlaugsson, a war bis den 31. Dezember 2014 do och nach Ëmweltminister.

Nom Récktrëtt vum Sigmundur Davíð Gunnlaugsson als Premierminister, de 6. Abrëll 2016, gouf de Sigurður Ingi Jóhannsson zum Interims-Premier ernannt. Den 11. Januar 2017 huet de Bjarni Benediktsson, deem seng Regierung aus de virgezunnen Neiwalen am Hierscht 2016 ervirgoung, seng Nofolleg ugetrueden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sigurður Ingi Jóhannsson – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Fiche op der Säit vim Althing