Guðni Th. Jóhannesson

Vu Wikipedia
Guðni Th. Jóhannesson
Gebuer 26. Juni 1968
Reykjavík
Nationalitéit Island
Educatioun University of Warwick,
Universitéit Island,
Universitéit Bonn,
Universitéit vu Reykjavik,
University of Oxford
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser, Iwwersetzer, Politiker
Partei keng
Famill
Bestuet mat Eliza Reid, Elín Haraldsdóttir
Papp Jóhannes Sæmundsson
Mamm Margrét Thorlacius
Geschwëster Patrekur Jóhannesson

De Guðni Thorlacius Jóhannesson [ˈkvʏðnɪ ˈjouhanɛsˌsɔn], Transkriptioun: Gudni Thorlacius Johannesson, gebuer de 26. Juni 1968 zu Reykjavík, meeschtens als Guðni Th. Jóhannesson ofgekierzt, ass en islänneschen Historiker. Hie gouf de 25. Juni 2016] zum neie President vun Island gewielt, als Nofollger vum Ólafur Ragnar Grímsson.

De Guðni[1] huet zu Warwick, Bonn, an Island an zu Oxford Geschicht studéiert, an 2003 op der Queen Mary University of London e Ph.D. a Geschicht gemaach.

Hien huet op den Universitéite vun Island, Bifröst a London enseignéiert. Hien ass an der moderner Geschicht vun Island spezialiséiert, mat Recherchen z. B. iwwer d'Cabillaudskricher, d'Finanzkris 2008–2011 an d'Geschicht vun de Presidente vun Island. Hien huet och eng Biographie vum Politiker Gunnar Thoroddsen geschriwwen, souwéi iwwer den drëtte President vun Island, den Kristján Eldjárn. De Guðni huet doriwwer eraus tëscht 1992 an1997 véier Bicher vum amerikanesche Schrëftsteller Stephen King op Islännesch iwwersat.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • The history of Iceland. Greenwood, Santa Barbara, California 2013. ISBN 978-0-313-37620-7
  • Gunnar Thoroddsen. Ævisaga. JPV, Reykjavík 2010. ISBN 978-9935-11-163-0
  • Hrunið. Ísland á barmi gjaldþrots og upplausnar. JPV, Reykjavík 2009. ISBN 978-9935-11-063-3
  • Óvinir ríkisins. Ógnir og innra öryggi í kalda stríðinu á Íslandi. Mál og menning, Reykjavík 2006. ISBN 978-9979-3-2808-7
  • Völundarhús valdsins. Stjórnarmyndanir, stjórnarslit og staða forseta Íslands í embættistíð Kristjáns Eldjárns, 1968-1980. Mál og menning, Reykjavík 2005. ISBN 9979-3-2701-4
  • Kári í jötunmóð. Saga Kára Stefánssonar og Íslenskrar erfðagreiningar. Nýja bókafélagið, Reykjavík 1999. ISBN 9979-9418-2-0

Iwwersetzungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Stephen King: Betrun ; Námfús drengur. Fróði, Reykjavík 1997. ISBN 9979-802-95-2 (iwwersat zesumme mam Björn Jónsson; Originaltitel: Rita Hayworth and Shawshank Redemption; Apt pupil.
  • Stephen King: Örlög. Fróði, Reykjavík 1995. ISBN 9979-802-80-4 (Originaltitel: Dolores Claiborne)
  • Stephen King: Bókasafnslöggan. Fróði, Reykjavík 1994. ISBN 9979-802-18-9 (Originaltitel: The library policeman)
  • Stephen King: Furðuflug. Fróði, Reykjavík 1992. ISBN 9979-802-26-X (Originaltitel: The langoliers)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Islänner ginn traditionell mam Virnumm genannt; se hu kee Familljennumm, ma e Patronym.