Ólafur Ragnar Grímsson

Vu Wikipedia
Ólafur Ragnar Grímsson
Gebuer 14. Mee 1943
Nationalitéit Island
Educatioun Universitéit vu Manchester,
Universitéit Island
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser
Partei Onofhängeg
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

Den Ólafur Ragnar Grímsson, gebuer de 14. Mee 1943 zu Ísafjörður, ass en islännesche Politiker a war de fënnefte President vun Island.

Hie gouf eng éischt Kéier 1996, als Nofollger vun der Vigdís Finnbogadóttir, an dat Amt gewielt an 2000, 2004, 2008 an 2012 erëmgewielt.

Den Ólafur Ragnar Grímsson huet tëscht 1962 an 1970 Ekonomie a Politikwëssenschaft op der Universitéit Manchester studéiert a war duerno 18 Joer laang Professer fir Politikwëssenschaft op der Universitéit Reykjavík.

Hien huet seng politesch Carrière bei de Rietsliberalen ugefaangen, gouf dunn awer vun 1987 bis 1995 President vun der sozialistischer Volleksallianz. Vun 1988 bis 1991 war e Finanzminister.

Den Ólafur Ragnar Grímsson huet den 2. Juni 2004 als éischten islännesche President e Gesetz, dat vum Althing gestëmmt gi war, refüséiert z'ënnerschreiwen, soudatt et net a Kraaft konnt trieden. Hien hat am Virfeld ugekënnegt, säin Amt méi politesch a manner zeremoniell wëllen ze féieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ólafur Ragnar Grímsson – Biller, Videoen oder Audiodateien