Ken Loach

Vu Wikipedia
Ken Loach
Gebuertsnumm Kenneth Charles Loach
Gebuer 17. Juni 1936
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Televisiounsregisseur, Regisseur
Partei Labour Partei

De Kenneth ("Ken") Loach, gebuer de 17. Juni 1936 zu Nuneaton, ass e brittesche Filmregisseur, dee wéinst sengem sozialrealistesche Stil a senge sozialkriteschen Theeme bekannt ass. Hien huet och en ettlech Tëleesfilmer gemaach.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Loach huet op der Universitéit vun Oxford Droit studéiert. Duerno huet hie beim Theater als Schauspiller geschafft, ier en ufanks vun den 1960er Joren ugefaangen huet, fir d'Televisioun Dokudramen ze realiséieren, dorënner Cathy Come Home (1966). Um Enn vun deem Joerzéngt huet hie seng éischt Kinosfilmer gedréint, dorënner Kes, d'Geschicht vun engem Jong, dee schlecht dru war, a sengem Kréchel.

An den 1970er an 1980er Joren hate seng Filmer wéineg Succès, ë. a. och, well se politesch zenséiert goufen a Schwieregkeeten haten, en Distributeur ze fannen.

An den 1990er Jore goufe seng Filmer méi an Uecht geholl, dorënner Ladybird Ladybird (iwwer eng Fra, déi hir Kanner vum Sozialdéngscht ewechgeholl kritt), Raining Stones (iwwer eng Koppel mat Scholden, déi vun Inkasso-Andreiwer kujenéiert gëtt), Land and Freedom (iwwer de Spuenesche Biergerkrich), Bread and Roses (iwwer Immigranten an den USA), an The Navigators (iwwer d'Privatiséierung vun der Eisebunn).

Zwéi Filmer, déi an den 2010er Joren erauskoumen, haten eng méi optimistesch Nout: Looking for Eric ass d'Geschicht vun engem Papp, dee mat Hëllef vum Supporterclub, wou e Member ass (a mat der ongewinnter Hëllef vum Eric Cantona) säi Jong virun enger Stroossegang rett, déi probéieren, deen an dreckeg Geschäfter eranzezéien a The Angels' Share iwwer e Sozialaarbechter, deen engem Grappvoll Jonker, bei deene wéi et schéngt all Hoffnung verluer ass, e positive Wee virzezeechnen.

Véiermol huet hien um Filmfestival vu Cannes e Präis gewonnen, dorënner zulescht 2016 d'Gëlle Palm.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ken Loach – Biller, Videoen oder Audiodateien