Umberto Eco

Vu Wikipedia
Umberto Eco
Pseudonym Dedalus
Gebuer 5. Januar 1932
Alessandria
Gestuerwen 19. Februar 2016
Mailand
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Philosoph, Romancier, Essayist, Pedagog, Dréibuchauteur, Iwwersetzer, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Literaturkritiker, Medievist, Literaturwëssenschaftler, Historiker
Member vun Accademia Nazionale dei Lincei, Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, American Academy of Arts and Letters

Den Umberto Eco, gebuer de 5. Januar 1932 zu Alessandria, am Piemont, a gestuerwen den 19. Februar 2016 zu Mailand, war en italieenesche Schrëftsteller, Semiotiker a Linguist, dee virun allem fir seng historesch Romaner a seng linguistesch a politesch Essaye bekannt ass. Hie war laang Zäit Professer fir Semiotik op der Universitéit vu Bologna.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Umberto Eco kënnt de 5. Januar 1932 zu Alessandria, an der italieenescher Regioun Piemont op d'Welt. Säi Papp ass Comptabel, a muss am Zweete Weltkrich fir Italien an de Krich goen. An dëser Zäit lieft de jonken Umberto mat senger Mamm Giovanna an engem klengen Duerf an de Bierger vu Piemont - eng Landschaft déi dacks a senge Romaner beschriwwe gëtt.

De Familljennumm ECO ass eng Ofkierzung fir ex caelis oblatus - vum Himmel geschenkt: dem Umberto Eco säi Grousspapp war fonnt ginn a krut kuerzerhand dësen Numm wéi e gedeeft gouf.

Den Eco huet Philosophie op der Universitéit vun Turin studéiert an huet seng Ofschlossarbecht iwwer den Thomas vun Aquin geschriwwen. Säin Doktorat an der Philosophie krut en 1954. Duerno schafft den Eco als Redakter fir d'Radiotelevisione Italiana an als Lektor op der Universitéit vun Turin bis 1964.

2003 kritt den Eco, deen e Liewe laang politesch engagéiert war, d'Légion d'honneur. Kuerz virun den italieenesche Wale vun 2006, kënnegt hien un, datt hien Italie géif verloosse wann de Silvio Berlusconi nach emol géif gewannen.[Source?]

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Umberto Eco beschäftegt sech mat vill verschiddenen Theemen aus der Geschicht, der Philosophie, der Linguistik an der Politik.

An der Linguistik huet hie grondleeënd Aarbechten an der Semiotik geschriww, dorënner och d'Entwécklung vun der Theorie vun der kultureller Semiotik.

Seng Romaner ginn als postmodern ugesinn, well den Eco vill Gebrauch vum Konzept vun der Intertextualitéit an Hypertextualitéit mécht: hie mécht eng Hellewull vu Referenzen op aner literaresch oder philosophesch Wierker a baut eng komplett Matrice vu kulturellem an historeschem Bewosstsinn op. Doran ass hie grad sou gutt beaflosst vun de literareschen Theoreetiker vun der Postmoderne, wéi och vu modernisteschen Auteure vum Ufank vum 20. Joerhonnert, wéi den James Joyce.

Déi Onmass vu kulturellen an intellektuelle Referenzen a senge Romaner hunn dem Eco deelweis e gudden a schlechte Ruff bei de Kritiker an de Lieser ginn: et gëtt allerdéngs dacks vergiess, datt seng Romaner alleguer mat enger stabiler Dosis Humor geschriwwe sinn, an och sou gelies kënne ginn.

Literaresch Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1980:Il nome della rosa ("Den Numm vun der Rous"); en historesche Krimi an deem e louse Franziskaner probéiert, eng Serie vu Morden opzeklären, déi an engem mëttelalterléche Benediktinerklouschter geschitt sinn.
  • 1988: Il pendolo di Foucault ("Dem Foucault säi Pendel"); e postmoderne Roman iwwer Verschwörungstheorien deen zu Mailand an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert spillt, a bei deem dräi Intellektueller déi gréisst vun alle Conspiratiounen opdecken.
  • 1994: L'isola del giorno prima ("D'Insel vum Dag vu virdrun"); e Roman deen d'Abenteuer vun engem jonken Italieener erzielt, deen am 17. Joerhonnert an der Südséi an engem Stuerm ënnergeet, a sech op e mystérieist Schëff rette kann.
  • 2000: Baudolino; e Roman vum Enn vum Mëttelalter, deen d'Liewe vum Baudolino, engem Abenteurer, Self-made-man an Adoptiv-Jong vum Friedrich Barbarossa, erzielt.
  • 2004:La misteriosa fiamma della regina Loana (" Déi geheimnisvoll Flam vun der Kinnigin Loana"); en illustréierte Roman an deem beschriwwe gëtt, wéi e Mann deen no engem Accident all seng Erënnerunge verluer hat, probéiert, seng Amnesie ze heelen: dobäi erlieft hien op en Neits seng Kandheet an Italie wärend an nom 2. Weltkrich.
  • 2010: Il Cimitero di Praga ("De Kierfecht vu Prag")
  • 2015: Numero Zero ("Nullnummer" [vun enger Zeitung])

Ausgewielt Essayen an theoreetesch Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • (1984) Semiotica e filosofia del linguaggio ("Semiotik a Philosophie vun der Sprooch", 1984)
  • (1990) I limiti dell'interpretazione ("D'Grenze vun der Interpretatioun")
  • (1992) Il secondo diario minimo ("Dat zweet klengt Tagebuch") - eng partiell Iwwersetzung ass 1998 mam Titel "Wéi ee mat engem Saumon op d'Rees geet" an enger Rei Sprooche publizéiert ginn
  • (1997) Kant e l'ornitorinco ("De Kant an d'Schnieweldéier")
  • (2002) Sulla letteratura ("Vun der Literatur", 2002)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]