Vera Rubin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Zweet vu lénks: D'Vera Rubin

D'Vera Cooper Rubin, gebuer den 23. Juli 1928 zu Philadelphia, Pennsylvania ass eng US-amerikanesch Astronomin, déi sech haaptsächlech mat der Erfaassung vun der Verdeelung vun donkeler Matière beschäftegt.

D'Vera Rubin gouf zu Philadelphia gebuer an ass zu Washington, D.C. opgewuess. Si huet de Vassar College besicht, d'Cornell University an huet beim George Gamow an der Georgetown University promovéiert. Schonn an déi Zäit huet si sech mat der groussraimeger Verdeelung vun de Galaxien an der Expansioun vum Kosmos iwwerlagerte Bewegunge vu Galaxiëkéip beschäftegt, nach haut wichteg Problemer vun der visueller Kosmologie. Zanter 1964 schafft si am Carnegie Institution of Washington. Mat deem deemools neiste Spektrograph huet si ugefaangen, déi bannenzeg Bewegunge vu Galaxië bis an hir schwaach baussenzeg Gebidder z'ënnersichen.

Wann d'Mass vun de Galaxië wéi d'siichtbar Stäre verdeelt wier, da misst d'Ëmlafvitesse an den Aussebezierker vu Spiralgalaxië méi kleng ginn, wa se méi wäit vum Zentrum sinn. D'Rubin huet awer mat senge Mataarbechter de Géigendeel fonnt: Mat der Distanz vu bal gläich bleiwenden Ëmlafvitessen, mat typesche Wäerter ëm 200 km/s. Der Rubin hir Resultater waren zesumme mat ähnleche Resultater aus Radiomiessunge vun der 21cm-Linn vum atomare Waasserstoff déi stäerkst Unzeeche fir d'Existenz vun donkeler Matière an normale Galaxien.

Besonnesch Opmierksankeet huet d'Rubin der Roll vun de Fraen an der Wëssenschaft geschenkt. Hir selwer war den Zougang zu der Princeton University ofgeschloe ginn.

Der Rubin hir véier Kanner hunn alleguer en Doktorat an de Wëssenschaften; den David (1950) an den Allan (1960) an der Geologie, d'Judith (1952) an der Astronomie an de Karl (1956) an der Mathematik.

Den Asteroid 5726 Rubin ass no hir genannt ginn.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]