HI-Linn

Vu Wikipedia
Waasserstoffatom mat paralleler (F = 1) an antiparalleler (F = 0) Astellung vum Elektron. Den Iwwergang gëtt als Spin-Flip bezeechent.

D'HI-Linn an der Astronomie bezeechent d'21-cm Linn (dat entsprécht 1420,4 MHz) am Radiospektrum vum neutrale Waasserstoff (HI, ioniséierte Waasserstoff gëtt HII genannt).

Déi Linn gëtt gebraucht, fir Waasserstoff a seng Konzentratioun am interstellare Raum ze entdecken, deen alles an allem zirka 90 Prozent vun der interstellarer Matière ausmécht. Fir d'Éischt gouf si am Joer 1951 vu Radioteleskopen entdeckt a spillt zanterhier an der Radioastronomie eng grouss Roll. Mat Hëllef vun Dopplerverrécklungen vun der Linn loosse sech Beweegunge vun astronomesche Strukturen, wéi aner Deeler vun der Mëllechstrooss an hire Spiralniwwel-Charakter ënnersichen.

Hiren Urspronk huet d'21-cm-Linn am Hyperfäistrukturiwwergank vum Waasserstoffgrondzoustand tëscht de Quantenzuelen vum totalen Dréiimpuls F=0 an F=1.

Déi prezis Bestëmmung vun der HI-Linn hunn d'Astronome Colin Stanley Gum, Frank John Kerr a Gart Westerhout fäerdegbruecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]