Igor Dodon

Vu Wikipedia
Igor Dodon
Gebuer 18. Februar 1975
Nationalitéit Moldawien
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Lecteur
Partei Onofhängeg

Den Igor Dodon, gebuer den 18. Februar 1975 zu Sadova an der deemoleger Moldawescher Sozialistescher Sowjetrepublik, ass e moldawesche Politiker.

Hien ass zënter 2011 President vun der Sozialistescher Partei vu Moldawien, nodeems e virdrun an der Kommunistescher Partei vu Moldawie war.

Den Igor Dodon war vum 23. Dezember 2016 bis den 23. Dezember 2020 Staatspresident vu sengem Land, nodeems en den 13. November 2016 am 2. Tour d'Presidentschaftswale gewonnen hat. Virdru war hien Deputéierten am bmoldawesche Parlament a vu September 2006 bis September 2009 Minister fir Ekonomie an Handel ënnert de kommunistesche Premierministere Vasile Tarlev a Zinaida Greceanîi.

Vu senger Ausbildung hier ass hien Ekonomist. Hie krut 1998 en Doktorat op der Akademie fir Ekonomesch Studië vu Moldawien.

Den Igor Dodon ass bestuet a Papp vun dräi Kanner.

Hie gëllt als Pro-russesch.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Igor Dodon – Biller, Videoen oder Audiodateien