The Da Vinci Code

Vu Wikipedia

De Roman The Da Vinci Code (de:Sakrileg. The Da Vinci Code) ass e Mysterythriller vum Dan Brown, deen am Joer 2003 erauskomm ass. De Roman ass a 44 Sproochen iwwersat a weltwäit iwwer fofzeg Millioune Mol verkaaft ginn (Stand: Mee 2006).

Wärend d'Charakteren an hir Handlungen am Buch fiktiv sinn, existéieren déi verschidden Konschtwierker, d'Architekur, déi beschriwwen Dokumenter, Organisatiounen a geheim Ritualer a Wierklechkeet.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Robert Langdon, e Symbolik-Fuerscher vun Harvard, ass aus beruffleche Grënn zu Paräis. Eng Kéier mueres kritt hien e mysteriéisen Telefonsuruff. Hie kritt matgedeelt, datt den Direkter vum Musée du Louvre, de Jacques Saunière matzen an der Nuecht virum Bild vum Mona Lisa ëmbruecht gouf. Op der Plaz erkennt de Langdon, datt den Doudegen duerch verstoppten Hiwäiser op d'Wierker vum Leonardo da Vinci him eppes matdeele wollt. Hien a dem Saunière säi Kandskand, d'Sophie Neveu, eng Kryptologin bei der Paräisser Police, fanne Spuere déi de grujelege Muerd erklären an op e Komplott hindeiten.

Den éischte Saz[änneren | Quelltext änneren]

"Robert Langdon awoke slowly."

Déi verschidde Charakteren am Buch[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert Langdon
  • Jacques Saunière
  • Sophie Neveu
  • Bezu Fache
  • Silas (The Da Vinci Code)|Silas
  • Bishop Manuel Aringarosa
  • The Teacher
  • André Vernet
  • Sir Leigh Teabing
  • Rémy Legaludec
  • Lieutenant Collet
  • Guardian of the Rosslyn Trust

Verfilmung[änneren | Quelltext änneren]

De Roman gouf verfilmt ënner dem Numm The Da Vinci Code an ass am Mee 2006 erauskomm. D'Dréibuch ass vum Akiva Goldsman, d'Regie vum Ron Howard. An den Haaptrolle sinn den Tom Hanks als Langdon, d'Audrey Tautou als Neveu an de Jean Reno als Fache ze gesinn.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Originaleditioun (1. Oplo): 18. Mäerz 2003 The Da Vinci Code bei Doubleday
  • Däitsch Ausgab: Abrëll 2006 Sakrileg. The Da Vinci Code, bei Lübbe als Täschebuch

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Am Buch ginn zwéi Bicher zitéiert:

  • Dem Leonardo Da Vinci seng Obras selectas series (op Spuenesch)
  • Dem Victor Hugo säi Notre-Dame de Paris vun 1831