Panthéon

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
De Panthéon

De Panthéon (Gr. παν pan "alles" an θεός theós "Gott") ass en neo-klassizistescht Bauwierk zu Paräis um Hiwwel vun der hl. Geneviève, an deem grouss Personnagen aus der franséischer Geschicht begruewe leien (ausser de Militär déi normalerweis an den Invalide leien).

D'Gebai gouf als Kierch vun der mächteger Abtei Sainte-Geneviève geplangt, an am Opdrag vum Kinnek Louis XV. an de Joren 1764 bis 1790 vum Architekt Jacques-Germain Soufflot (1713–1780) a senge Schüler gebaut, mat als Grondrëss d'Form vun engem griichesche Kräiz a mat enger Kuppel wéi déi vum Pantheon zu Roum (no deem de Panthéon och benannt ass). Kuerz nodeems d'Kierch fäerdeg war gouf, hunn d'franséische Revolutionairen eng sekularer Gedenkplaz draus gemaach. Ënner dem Gebai ass dowéinst keng Krypta am eigentleche Sënn, mee eng Abberzuel vu Gäng mat enger sëlleche Kapellen, an deene bestëmmt historesch Perséinlechkeete gewierdegt ginn.

Nëmmen an Ausnamefäll gi Verstuerwener direkt no hirem Doud am Panthéon begruewen, wéi z. B. de Victor Hugo an de Marie François Sadi Carnot. Virschléi fir an de Panthéon opgeholl ze gi ginn der Nationalversammlung ënnerbreet. Déi definitiv Decisioun doriwwer kann awer just de franséische President huelen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zënter dem 5. Joerhonnert stoung op där Plaz eng éischt Kierch, an där d'Geneviève vu Paräis (423-502), d'Patréinesch vun der Stad, begruewe war. Déi gouf zweemol duerch en Neibau ersat, an zënter dem 17. Joerhonnert wollten d'Genovevianer-Pateren alt nees eppes méi Representatives dohinnersetzen. Se hu sech awer nach misse gedëllegen, well et war eréischt de Kinnek Louis XV. deen d'Uerder fir de Bau vun der neier Kierch ginn huet, als Merci well e sech vun enger schwéierer Kränkt nees erkritt hat.

Kuerz nodeems d'Kierch mat där imposanter Kuppel 1790 fäerdeg gouf hunn déi franséisch Revolutionaire s'als "Pantheon" zu enger nationaler Hal fir gloriéis Leit profanéiert.

De Panthéon huet awer och dem Physiker Léon Foucault gehollef, de 26. Mäerz 1851 mat deem no him benannte Pendel den empiresche Nowäis vun der Äerdrotatioun z'erbréngen.

Am 19. Joerhonnert gouf de Pathéon nach zweemol ëmgewidmet, am Empire vun der Gloireshal zréck als Kierch, an 1885 vun der Kierch nees an eng national Gloireshal vun de Fransousen.

Fotosalbum[änneren | Quelltext änneren]

Griewer vu bedeitende Perséinlechkeeten (alphabetesch)[änneren | Quelltext änneren]

De Revolutiounsféierer Mirabeau gouf de 4. Abrëll 1791 als éischten an der Gloireshal vun der franséischer Republik bäigesat, mä nodeems datt bekannt gouf datt e Verbindungen zum Kinnekshaus hat, gouf e 1794 nees erausgeholl. Den 11. Juli 1791 sinn dem Voltaire seng Schanken an de Panthéon komm, déi och nach bis haut do leien. Véierte war de Jakobiner Jean-Paul Marat, mä e puer Méint drop ass och hee posthum an Ongnod gefall an nees erausgeholl ginn.

Net am Panthéon sinn den Napoleon Bonaparte, deen als fréiere Keeser am Invalidendoum läit, an de Generol Charles de Gaulle, President vun der franséischer Republik (1958-1969), deen um Kierfecht vu Colombey-les-Deux-Églises begruewen ass, wou e säi Familljesëtz (La Boisserie) hat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Olivier Le Naire (ënner der Leedung vum), Entrez au Panthéon! - À la redécouverte de notre histoire; Paräis (L'Express & Omnibus), 2015; 145 Säiten. ISBN 978-2-258-11696-2
  • Denis Bocquet, Panthéon ou église Sainte-Geneviève: les ambiguïtés d'un monument (1830-1885), Paräis Sorbonne, 1992.
  • François Macé de Lépinay. Peintures et sculptures du Panthéon, Éditions du Patrimoine, 1997.
  • Jean-François Decraene, Dictionnaire des gloires du Panthéon; Paräis (Éditions du Patrimoine), 2015.
  • Edouard Leduc, Dictionnaire du Panthéon de Paris, Éditions Publibook, 2013.
  • Soufflots Sainte-Geneviève und der französische Kirchenbau des 18. Jahrhunderts. In: Universität München. Kunsthistorisches Seminar (Editeur): Neue Münchner Beiträge zur Kunstgeschichte. Band 2, de Gruyter, Berlin 1961, S. 183.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Panthéon de Paris – Biller, Videoen oder Audiodateien