École des hautes études commerciales de Paris
![]() | |
![]() | |
Land | Frankräich |
---|---|
Schülerzuel | 4.500 |
2018 | |
Ënnersteet der/dem | Université Paris-Saclay |
Gegrënnt | 4 Dezember 1881 |
Genannt no | Paräis |
Um Spaweck | http://hec.edu |
D'HEC Paris ass eng European Business School mat Campussen zu Paräis, Jouy-en-Josas an Doha[1].
2021 gouf d'HEC am Ranking vun der Financial Times bescht European Business Schools gewielt[2].
De Master am Management vun der HEC war fir d'Financial Times 2015 dee weltwäit beschten. Den Executive MBA vun der HEC beleet am internationale Ranking vun där Zeitung déi 3. Plaz[3].
Der Schoul hiren MEB ass änlech wéi e Vollzäit-MBA mä zeechent sech duerch eng interkulturell Approche aus.
D'HEC huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmer a spezifesche Managementsgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise.
D'Programmer vun der HEC sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert; vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB[4].
Méi wéi 60.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Business-Welt aktiv; dorënner de lëtzebuergesche Manager, Marc Assa.