Parken a Gäert zu Paräis

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Paräis 

De Lac Inférieur am Bois de Boulogne.

Op den éischte Bléck mécht Paräis den Androck vun enger grénger Stad. Un de Stroosse stinn eng Ronn 89.000 Beem. D'Gaardebauamt Direction des Parcs, Jardins et Espaces Verts de Paris këmmert sech an der Stad selwer ëm déi 2.437 Hektar Gréngflächen, zu deenen ausser de béide grousse Stadbëscher Bois de Vincennes (995 Hektar) a Bois de Boulogne (846 Hektar) och déi 14 Kierfechter zielen (92 Hektar), d'Gaardebauschoul Ecole Horticulture Du Breuil (22 Hektar) an de Gaardebauzentrum Centre Horticole Auteuil-Longchamps (8,5 Hektar), an deem Blummen a Sträicher geziicht ginn.

D'Stad Paräis huet doriwwereraus nach 6 weider Kierfechter, de Bësch Beauregard bei La-Celle-Saint-Cloud an d'Blummeproduktiounsplazen zu Rungis, Fresnes an Achères (477 Hektar).

Nieft de Flächen, ëm déi sech d'Stad këmmert, stinn den Awunner an Touriste vu Paräis och nach siwe Gäert a Parken zur Verfügung, déi vum Staat ënnerhale ginn (118 Hektar).

Promenaden, Parken a Gäert[änneren | Quelltext änneren]

D'Fontaine Médicis am Jardin du Luxembourg.

De Jardin des Tuileries huet en eegenen Artikel: Jardin des Tuileries.

Ee vun de beleifteste Parken an der Stad ass de Jardin du Luxembourg am Quartier Latin, dee 1612 ugeluecht gouf. E gehéiert zum Palais du Luxembourg, wou haut de franséische Senat säi Sëtz huet. De Gaart huet streng geometresch Partien, awer och méi fräi Zonen. Am Jardin du Luxembourg steet och eng zwee Meter héich Fräiheetsstatue, eng Kopie vun der Fräiheetsstatue zu New York. Un de Gitter ronderëm de Park si reegelméisseg Fotosausstellungen ze gesinn.

De Stadbësch Bois de Boulogne, deen un der westlecher Grenz bei Boulogne-Billancourt läit, ass mat enger Fläch vu ronn 8,5 Quadratkilometer dat gréisst Erhuelungsgebitt vun der Stad. Do gouf et schonn ëmmer e grousse Bësch, de Bois de Rouvray. Schonn de Frankekinnek Dagobert I. ass am 7. Joerhonnert heihi komm, fir op d'Juegd ze goen. 1848 huet de Staat de Bësch iwwerholl, an en 1852 un d'Stad Paräis ginn. Am Kader vun der Ëmgestaltung vu Paräis ënner dem Napoléon III. duerch den Haussmann gouf de Bësch ënner der Leedung vum Gaardenarchitekt Jakob Ignaz Hittorff zu engem Park ëmgebaut. Et si Weeër a kënschtlech Waasserflächen entstanen. Duerch falsch Pläng konnten awer déi kënschtlech Séien net opgefëllt ginn. Den Hittorff gouf vum Haussmann erausgehäit, an duerch den Ingenieur Jean-Charles Alphand an de Landschaftsgäertner Jean-Pierre Barillet-Deschamps ersat. Déi zwéin hunn de Waasserproblem duerch kënschtlech Waasserfäll geléist.

De Bois de Vincennes ass den zweete Paräisser Stadbësch, deen am Stil vun englesche Landschaftsgäert ugeluecht gouf. De Bësch war ëmmer e kinneklecht Juegdrevéier, an do stoung och e Juegdschlass, wat spéider duerch eng Festung ersat gouf, a wat mir haut als Schlass vu Vincennes kennen. 1860 huet den Napoléon III. de Bësch der Stad Paräis iwwerlooss, mam Optrag, en sou wéi de Bois de Boulogne neizemaachen. De Landschaftsarchitekt Jean-Charles Alphand huet den Terrain opforste gelooss, an huet kënschtlech Hiwwelen an dräi Séie geschaf. Fir d'Olympesch Summerspiller vun 1900 goufe Sportanlage gebaut, an d'Weeër fir deen Zweck ausgebaut.

Den neie Stadpark Parc de la Villette, deen 1986 vum Architekt Bernard Tschumi entworf gouf, zielt mat senge 25 Hektar zu de gréisste Gréngfläche vu Paräis. En ass um Terrain vum Schluechthaus La Villette entstanen, wat 1974 zougemaach gouf, an de Canal de l'Ourcq leeft derduerch. Schonn 1984 ass de Zenith opgaangen, an déi spéider Gebaier hu sech un dësem Zentrum orientéiert. All Elementer vum Park sinn an engem futuristesche Stil gehalen. Am Park fënnt een, nieft der Cité des sciences et de l'industrie den IMAX-Kino Géode, d'Cité de la musique, de Zénith an d'U-Boot L'Argonaute.

Kierfechter[änneren | Quelltext änneren]

De Kierfecht Montparnasse

Zu e kuckeswäerte Gréngflächen zielen zu Paräis och d'Kierfechter. Um Ufank vum 19. Joerhonnert goufe baussent den deemolege Grenze vun der Haaptstad dräi nei Kierfechter gebaut, an an der Stad selwer een neien: de Cimetière de Montmartre am Norden, am Cimetière du Père Lachaise am Osten, de Cimetière du Montparnasse am Süden, an de Cimetière de Passy. D'Bekanntheet vun dëse Kierfechter kënnt virun allem dohier, datt do eng Rei vu berühmte Perséinlechkeete begruewe sinn.

De Père Lachaise-Kierfecht huet en eegenen Artikel.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Parken a Gäert zu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien
Paris-metropolitan-area-symbol.png Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.