Jardin des Tuileries
|
| |
| Lokalisatioun | |
|---|---|
| Land | Frankräich |
| Gemeng | 1. Arrondissement vu Paräis |
| Koordinaten |
48° 51’ 50’’ N 02° 19’ 34’’ O |
| Ugeluecht | 1564 |
| Architekt | André Le Nôtre |
| Genannt no | Palais des Tuileries |
| Dimensiounen a Geographie | |
| Fläch | 25,50 ha |
|
| |
De Jardin des Tuileries ass en ëffentleche Park zu Paräis. E läit am 1. Arrondissement am Zentrum vun der Stad, tëscht dem Louvre, der Rue de Rivoli, der Place de la Concorde an der Seine. Et ass de fréiere Schlasspark vum Palais des Tuileries, deen haut net méi existéiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1564 huet d'Kinnigin Katharina vu Medici am Weste vun den deemolege Stadmauere vu Paräis e Park am italieenesche Renaissancestil fir hire Palais des Tuileries uleeë gelooss. Den Numm kënnt dohier, datt de Palast op eng Plaz gebaut gouf, op där virdrun eng Zillebäckerei (op Franséisch: tuilerie) stoung.
De Kinnek Henri IV. huet de Park spéider restauréieren, ausbauen a verschéinere gelooss, wärend den André Le Nôtre en am Optrag vum Louis XIV. an e prachtvolle franséische Gaart mat symmeetrescher Form, Terrassen a Sprangbuere verwandelt huet. 1667 gouf en als ee vun den éischte kinnekleche Gäert deelweis der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach.
Wärend der franséischer Revolutioun hu sech vill wichteg Evenementer am Park ofgespillt. D'Convention nationale ass do an der Salle du Manège zesumme komm, wou och de Louis XVI. viru Geriicht gestallt gouf. D'kinneklech Statue goufen duerch revolutionär Symboler ersat. Spéider huet den Napoleon Bonaparte den Arc de Triomphe du Carrousel dobäigesat an d'Rue de Rivoli laanscht d'Nordsäit uleeë gelooss.
1871 ass de Palast wärend der Paräisser Commune ofgebrannt, wouduerch et méiglech gouf, de Park ze erweideren. Am 20. Joerhonnert goufen d'Sportshal Jeu de Paume an d'Orangerie zu Konschtgalerien ëmgebaut. De Musée de l'Orangerie ass haut haaptsächlech fir dem Claude Monet seng Séirouse-Biller bekannt.
Am Park fënnt ee Skulpture vu bekannte Kënschtler wéi dem Rodin an dem Moore. Zu de méi neie Projeten zielen d'Neibeplanze vun der Grande Allée mat Ulmen an et ass en nationaalt Monument fir d'Sklaven, déi 1848 befreit goufen, geplangt.[1][2] 2024 war d'Flam vun den Olympesche Summerspiller 2024 mat hirem riisege Ballon am Jardin des Tuileries opgestallt.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Eng aner Siicht op de Park, mam Eiffeltuerm am Hannergrond
- Spazéiergänger am Park
- Den Arc de Triomphe du Carrousel
- De Grand Carré mat sengen dräi Waasserbasengen
- De Grand Couvert mam Louvre am Hannergrond
- D'olympesch Flam an de Ballon wärend de Summerspiller 2024
- De Musée de l'Orangerie
- D'Skulptur La rivière vum Aristide Maillol (1938–1943)
- De Plang vum Jardin des Tuileries
| Commons: Jardin des Tuileries – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) À l’ombre des ormes : ça pousse aux Tuileries !. louvre.fr (3. Mäerz 2021). Gekuckt de 4. August 2026.
- ↑ (fr) Roxana Azimi, A Paris, le projet de mémorial des victimes de l’esclavage aux Tuileries dans l’impasse. lemonde.fr (22. Februar 2021). Gekuckt de 4. August 2026.
