Paräisser Theater

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Paräis 

De Paräisser Theater ass nëmmen eng vun de ville kulturellen Offeren déi d'Haaptstad vu Frankräich ze bidden huet. Zu Paräis stinn eng ronn 100 Theateren.

D'Comédie-Française am 18. Joerhonnert

D'Paräisser Oper, haut Opéra National de Paris, an hir Virgängerinstituter spillen an der Geschicht vun der Oper duerch hir stilprägend Uropféierungen eng bedeitend Roll. Haut bedreift si zwee Operenhaiser. D'Opéra Garnier, och Palais Garnier, déi 1875 opgaangen ass an no hirem Architekt dem Charles Garnier benannt gouf, ass mat enger Fläch vun 11.237 Quadratmeter de gréissten Theater vun der Welt, während sech d'Opéra Bastille, déi 1989 ageweit gouf, duerch hir erausragend Bühnentechnik auszeechent. Zanter deem déi nei Oper opgaangen ass, gëtt de Palais Garnier haatsächlech awer net ausschlisslech fir Balletsopféierungen a klassesch Opere benotzt. D'Paräisser Oper ënnerhält en hauseegene Ballet, de Ballet de l'Opéra de Paris, mat enger eegener Balletsschoul.

Och d'Comédie-Française oder Théâtre français, wou sech de Schauspillensembel houfreg ka sinn, datt en 1680 aus dem Zesummeleeë vum Molière sengem fréieren "Illustre Théatre" mat anere Schauspilltruppen ervirgaangen ass, huet eng laang Traditioun. Berühmte Schauspiller waren ënner anerem Sarah Bernhardt a Jean-Louis Barrault. Den Theater deen haut staatlech ass, spillt gréisstendeels e klassesche Repertoire.

Den Théâtre des Champs-Élysées, vun 1911 bis 1913 no de Pläng vum Henry van de Velde an Auguste Perret ausgefouert, huet um Ufank vum 20. Joerhonnert duerch seng Architektur fir Opreegung gesuergt. Als Musektheater a Concertshaus ass et den Doheem vum Orchestre National de France a vum Orchestre Lamoureux souwéi och de Stëtzpunkt vun de Wiener Philharmoniker a Frankräich.

Opmierksamkeet muss een och de Programme vum Théâtre du Châtelet op der Plaz mam selwechten Numm an dem Stadtheater Théâtre de la Ville, deen direkt vis-à-vis läit, schenken.

Opéra Garnier

Zäitgenëssesch Kaméidis-, Boulevard- a Vaudeville-Stécker ginn a ville klengen Theateren opgefouert, wéi zum Beispill am Théâtre des Bouffes-Parisiens, wat de Jacques Offenbach de 5. Juli 1855 grgënnt huet. Den Numm vum Theater kënnt vun „Opéra bouffe“ wéi den Offenbach vill vu senge Wierker benannt huet.

Frënn vum Revuetheater kommen am Moulin Rouge, am Lido an am Paradis Latin op hir Käschten. De Moulin Rouge, deen de 6. Oktober 1889 vum Joseph Oller opgemaach ginn ass, krut säin Numm vun der markanter Nobildung vun enger rouder Millen op sengem Daach. Berühmt gouf en duerch seng Cancan- a Chahut-Dänzerinnen.

Rockconcerte kann een am Zénith am Parc de la Villette an am Palais Omnisports de Paris Bercy lauschteren. De Zénith gouf 1983 op Initiativ vum demolege Kulturminister Jack Lang gebaut an no de Pläng vun den Architekte Philippe Chaix a Jean-Paul Morel den 12. Januar 1984 mat engem Concert vum franséische Sänger Renaud ageweit.

D'Arènes de Lutèce (Arene vu Lutetia) gëllen als dat eelst Bauwierk vun der Stad, wat nach erhalen ass. De réimeschen Amphitheater steet an der rue Monge, am 5. Arrondissement. D'Arena staamt aus dem 1. Joerhonnert n. Chr. a gouf bis zum Enn vum 3. Joerhonnert benotzt. Zirka 17.000 Persoune konnten den Theatervirstellungen, mä och de Kämpf op Liewen an Doud, bäiwunnen. Mam Opkomme vum Chrëschtentum hunn d'réimesch Zirkusser allgemeng u Bedeitung verluer, a wéi am 3. a 4. Joerhonnert d'germanesch Stämm an dat réimescht Gallien agefall sinn, goufen d'Arenes de Lutèce zougemaach, an hir Steng fir de Bau vun de Stadmaueren an anere Befestegungsanlage benotzt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Paris-metropolitan-area-symbol.png Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.