Jean-Marie Le Pen
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Jean-Marie Le Pen | |
---|---|
Gebuer |
20. Juni 1928 La Trinité-sur-Mer |
Gestuerwen |
7. Januar 2025 Garches |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Faculté de droit de Paris, Universitéit Panthéon-Assas |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Fonctioun | President, Deputéierten, Deputéierten, Europadeputéierten, Europadeputéierten, Europadeputéierten, Europadeputéierten, Europadeputéierten, Europadeputéierten, Europadeputéierten |
Famill | |
Bestuet mat | Pierrette Lalanne |
Kanner | Marine Le Pen, Yann Le Pen |
De Jean-Marie Le Pen, gebuer den 20. Juni 1928, zu La Trinité-sur-Mer am Departement Morbihan, a gestuerwen de 7. Januar 2025 zu Garches am Departement Hauts-de-Seine, war e franséische rietsextreme Politiker.
Hie war 1972 ee vun de Grënner vum Front national a bis 2011 39 Joer laang hire President. 2011 huet seng jéngst Duechter Marine Le Pen d'Parteipresidentschaft iwwerholl.
De Jean-Marie Le Pen war fënnefmol Kandidat bei de franséische Presidentschaftswalen. 2002 huet hien et an den zweeten Tour gepackt mä géint de Jaques Chirac verluer.
Am Mee 2015 gouf de Jean-Marie Le Pen aus senger eegener Partei ausgeschloss, well hien nees eng Kéier d'Gaskummere vun den Nazien als "Detail an der Geschicht vum Zweete Weltkrich" bezeechent huet[1].
De Jean-Marie Le Pen ass de 7. Januar 2025 am Alter vu 96 Joer gestuerwen[2].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jean-Marie Le Pen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ RTS: Jean-Marie Le Pen "suspendu" du Front national (5. Mee 2015)
- ↑ Le Figaro: Jean-Marie Le Pen, figure majeure et controversée de la Ve République, est mort (7. Januar 2025)