Kierch Saint-Sulpice vu Paräis

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer eng Kierch oder Kapell. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kierch Saint-Sulpice
Vue op d'Parkierch Saint-Sulpice (2018)
Vue op d'Parkierch Saint-Sulpice (2018)
Uertschaft Paräis
Baujoer 1646 - 1870
Koordinaten 48° 51’ 03’’ N
02° 20’ 03’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Parkierch Saint-Sulpice ass eng grouss Kierch am Quartier Odéon am 6. Arrondissement zu Paräis.

Se läit südlech vum Boulevard Saint-Germain an ass dem Hellege Sulpicius II. vu Bourges geweit. Si ersetzt e romanesche Virgängerbau aus dem Ufank vum 13. Joerhonnert. D'Aarbechten un der haiteger Kierch hunn am Joer 1646 ugefaangen, mä konnten duerch politesch a finanziell Schwieregkeeten eréischt 1870 fäerdeggestallt ginn. Am Mee 1871 gouf den Nordtuerm vu preisesch Granaten zerstéiert an e gouf 1911 restauréiert.

D'klassizistesch Zich vun der Kierch huet den Giovanni Servandoni am Joer 1732 entworf.

Den Äerzbëschof vu Paräis, de Mgr Michel Aupetit huet de 17. Abrëll 2019 gesot, datt wéinst dem Feier an der Kathedral Notre-Dame de 15. Abrëll 2019, Saint-Sulpice d'Fonctioun vun enger Diözese-Kathedral iwwerhëlt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Saint-Sulpice vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien