Diskussioun:Jean Logeling

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Am Fong ass et schued dass déi Diskussioun, déi gëschter iwwer dësen Artikel gefouert gouf, verschwonnen ass. Hei nach nodréiglech eng Bemierkung.

Um Geburtsakt No 99/1868 vu Woltz ass ze gesinn dass de Jean Logeling zweifelsfräi mat g geschriwwe gëtt. Mä esou eppes muss ee nosichen an et ass vill méi einfach fir mat Kanounen op Spatzen ze schéissen. --Pecalux (Diskussioun) 06:47, 28. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien déi Diskussioun ass guer net veschwonnen, an et huet sech just drëm gedréint, datt deeselwechten Auteur ons zwéi verschidde Lemmae presentéiert hat, a den een ouni Erklärung eidel Gemaach an den aneren och ouni Erklärung mat dem zweete Lemma ugeluecht huet. Dat hätte grad sou gutt Spillereie kënne gewiescht sinn, wéi mer der schonn en etlech haten. Am Läschkommentar hatt ech dra geschriwwen, datt wa mer ons fir de richtegen Numm decidéiert hätten deen Artikel erëm géif restauréiert ginn. Dat kann hei nogekuckt ginn . Am enzyklopesche Sënn ass et menger Meenung no wéinstens sou gutt keen Artikel ze hunn, wéi der 2 vun deenen een net wees watereen datt de richtegen ass, an ob den Auteur dat seriéis ugepaakt huet oder net. Et ass menger Meenung no och um Auteur vum Artikel bei Zweedeitegkeeten d'Referenzen erbäizebrengen an net un den anere Membere fir permanent Nosiche mussen ze maachen, fir datt den Artikel akzeptabel ass. Ech hunn déi Aktioun net aus Spaas gemaach an däerf vläicht bemierken datt déi Aktioune, plus eng redresséiert mise en forme mech warscheinlech méi Zäit Kascht huet wéi iergend en anere Mataarbechter. Datt an der Lescht en ettlech sou Weesenartikelen, déi op sou änlech Manéier entstane waren an nach op der Wiki gegeeschtert sinn, geläscht goufen schéngt kee gemierkt ze hunn. --Les Meloures (Diskussioun) 07:44, 28. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]


E Bléck op dës Säit gëtt e kleng Iwwersiicht wou nach kann nogesicht a verbessert ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 09:50, 28. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]