Michel Hülsemann
Ausgesinn
| Michel Hülsemann | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Michel Wilhelm Hülsemann |
| Gebuer |
3. November 1885 Pafendall |
| Gestuerwen |
9. Oktober 1955 Schwäiz |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Komponist |
| Famill | |
| Kanner | Félix Hulsemann |
|
| |
De Michel Hülsemann, gebuer den 3. November 1885 am Pafendall, a gestuerwen den 9. Oktober 1955 an der Schwäiz[1], war e lëtzebuergesche Museker.
Hien ass als éischt op d'Museksschoul zu Köln gaangen a gouf duerno an der Dikrecher Primärschoul Schoulmeeschter fir Musek, 1910 Hafforganist an 1914 Professer fir Uergel a Piano am Stater Conservatoire.
Hie war Dirigent a verschiddene Gesangsveräiner an huet och komponéiert[2]; ë. a. huet hie Kannerlidder vum Michel Hever vertount[3]
De Michel Hülsemann ass de Grousspapp vun der Sylvie Hülsemann.
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne- Nom Michel Hülsemann ass eng Strooss am Pafendall benannt.
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Doudesannonce vum Michel Hülsemann am Luxemburger wort vum 12. Oktober 1955 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 11. Abrëll 2022
- ↑ „Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?“, Evy Friedrich, an Ons Stad 15/1984, Säit 26.
- ↑ .Michel Hever am „Luxemburger Autorenlexikon“ op www.autorenlexikon.lu; fir d'lescht gekuckt den 21. September 2014.
