Pol Clemen

Vu Wikipedia
Pol Clemen
Gebuer 19. August 1861
Lëtzebuerg
Gestuerwen 26. Mee 1925
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Member vun Cercle artistique de Luxembourg

De Pol (Paul) Clemen, gebuer den 19. August 1861 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen och do de 26. Mee 1925, war e lëtzebuergeschen Auteur.

De Pol Clemen war vu Beruff Staatsbeamten. Hie war den Auteur an Haaptacteur vu Fuessëtzungen, déi vun der Union dramatique an der Villa Louvigny organiséiert goufen an, zesumme mam Lexi Brasseur, Auteur vu Revuen ënner dem Titel Letzeburger Flautereien.

Hien huet um Wörterbuch der luxemburgischen Mundart matgeschafft a war tëscht 1893 an 1900 Mataarbechter vum Charles Praum senger satirescher Zeitung De Letzeburger.

Hie war ee vun de Grënnungsmembere vum Cercle artistique de Luxembourg.

De Pol Clemen war mam Alfred Kowalsky senger Sëschter Catherine bestuet, a Papp vun der Céline Clemen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • (ënner dem Pseudonym Jangharé:) Illustrirter humoristischer Führer durch Luxemburg (mit einem Plan der Stadt), 1895.
  • Liddercher aus de Letzeburger Flautereien fum Lexi Brasseur a Pol Clemen [1900].
  • Letzeburger Flautereien, Text vum Paul Clemen, Musekarrangement vum J.A. Müller, 1901.
  • Lidder aus de Letzeburger Flautereien, 1904 an der Melusina. Séchen an 3 Akte vum Lexi Brasseur a Pol Clemen, 1904.
  • Letzeburger Flautereien. Blokstek an 3 Akten an èngem Tablo, 1916.
  • Théâtre Municipal de la Ville de Luxembourg, L'Orphéon de Luxembourg, Melusina vum P[ol] Clemen a Lexy Brasseur. Revue vum Batty Weber, [1925].

Gielercher[1][änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Paul Clemen am Luxemburger Wort vum 26. Mee 1925