Antoine Jans
| Antoine Jans | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | Anton Jans |
| Gebuer |
28. Januar 1868 Iechternach |
| Gestuerwen |
10. Februar 1933 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Moler |
| Auteursrechter | Auteursrechter sinn ofgelaf |
|
| |
Den Antoine Jans, gebuer den 28. Januar 1868 zu Iechternach, a gestuerwen den 10. Februar 1933 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e Keramikmoler.
No puer Joer Secondaire am Iechternacher Kolléisch goung hie mat véierzéng Joer an d'Großherzoglich Luxemburgische Porzellanmalerei - Echternach, déi, vun de Bridder Zens vu Mettlach, an der aler Iechternacher Abteikierch bedriwwe gouf, schaffen. Duerno koum hien als Chefmoler an d'Parzeläinsfabréck Villeroy & Boch an de Rollengergronn op de Siwebueren, bis zu senger Pensioun den 1. Januar 1925. Um Enn vu senger Beruffskarriär war hie bal blann.
Hien huet mat Virléift Schlässer-, Blummen- a Vullemotiver gemoolt.
Säi lescht Wierk war d'Titelbild vum Michel Molitor a Léon Berchem hirem Buch Heimatsagen.
Hie war de Grousspapp vum Moler a Sculpteur Pierre Berchem an den Urgrousspapp vum Museker Carlo Jans.
An der Stad Lëtzebuerg, am Rollengergrond, gouf eng Strooss no him genannt[2].
Fotoalbum vu senge Wierker (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- D'Schlass Bierg
- Titelsäit Heimatsagen
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Aschman, Camille, Alphonse Sprunck, Willy Gilson, Pierre Grégoire, Lucien Koenig, Josy Meyers a.o.: Antoine Jans peintre céramiste de la Faïencerie de Septfontaines 1868 - 1933, Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1950
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Jonghemecht - Zeitschrift für heimatliches Theater, Schrift und Volkstum, Fascicule 04, S. 148 (op Luxemburgensia)
- ↑ L-1820.
