Jean-Baptiste Fallize

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jean-Baptiste Fallize.
Portrait um Grafsteen um Nikloskierfecht

De Jean-Baptiste (Olav) Fallize, vu lëtzebuergeschen Eltere gebuer den 9. November 1844, net wäit vun Harel, an der Gierwerei zu Bëtleng (fr.: Bettelange [1]) an der belscher Gemeng Villers-la-Bonne-Eau[2] a gestuerwen den 23. Oktober 1933 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Editeur, Journalist, Polemist, Politiker an éischte Bëschof vun Norwegen.

Kuerz no senger Gebuert si seng Elteren op Uerschdref geplënnert. Am Joer 1850 hu si sech zu Harel niddergelooss, an do e Gierwereibetrib gefouert. Seng Jugendzäit huet de Fallize deementspriechend zu Harel verbruecht.[2]

De J.B. Fallize war de Matgrënner vun der Sankt-Paulus-Dréckerei an Editeur vun e puer Zeitungen an Zäitschrëften, an deenen hien och matgeschafft huet.

1875, wéi de Fallize Paschtouer zu Pënsch war, hat hien d'Redaktioun vum kathoulesche Familljeblietchen Luxemburger Sonntags-Blättchen für Stadt und Land iwwerholl, an huet et Luxemburger Sonntagsblatt für Erbauung, Unterhaltung und Belehrung ëmbenannt. D'Blat gouf staark politiséiert an et huet sou gutt géint de "Sitteverfall" geschriwwen wéi géint d'Fräimaurer, d'Judden[3] an déi Liberal. Sou gouf de Fallize ee vun den äerdegste "Kulturkämpfer" vu senger Zäit.

Hie war vun 1881 bis 1887 Deputéierten an der Chamber.

Wéi de Fallize 1887 an Norwegen gaangen ass, fir do méi spéit Bëschof ze ginn, war et mat senge politeschen Aktivitéiten zu Lëtzebuerg eriwwer.

Déi läscht 12 Joer huet de Fallize am Zithaklouschter verbruecht, wou hien den 23. Oktober 1933 am Alter vun 89 Joer gestuerwen ass.[4] Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Fir un hien z'erënneren hunn déi Hareler zu Bëtleng op der Plaz, wou d'Gierwerei laanscht Bëtlerbaach stoung, e Monument mat zwou Erënnerungsplacken opgeriicht[5]; zu Harel gouf och eng Strooss no him genannt: d'rue Mgr. Fallize.

Hie war de Brudder vum Michel Fallize.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Promenades en Norvège. X. Jevain, Lyon 1901, 282 S.
  • Römisches Tagebuch 1866-1871. Joachim Köhler (Hgb) mat der Hëllef vum Jean Malget, Herder Verlag, 2015, 391 S. ISBN 978-3-451-30747-8

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Edouard Molitor, Monseigneur Dr. Johann Olav Fallize - Ein Kämpfer für das Reich Christi; in: Luxemburger Priestergestalten V.; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Dréckerei, 1969;
  • E.M., Von der Gerberei am Bettlingerbach bis zum Nordkap - Erzbischof Johann Olav Fallize (1844-1933); in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 22. Oktober 1983; S. 7;
  • Jean Malget, Johann Olav Fallize, Apostolischer Vikar von Norwegen und Spitzbergen; in: Hémecht, Jg. 35(1983), Heft 4, S. 613-634 ; Jg. 36(1984), Heft 1, S. 51-78 ; Heft 3, S. 415-456.
  • Personnagen: Johannes Olav Fallize. In: Lëtzebuerger Journal 1996 (9./10. November), S. 8.
  • André Heiderscheid, Ehre, wem Ehre gebührt!; in: Luxemburger Marienkalender 1998, S. 1;
  • Ed Kayser, Jean-Baptiste (Olav) Fallize 1844-1933. In : 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 301-303; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 2003. ISBN 2-87963-419-9.
  • Johannes Olaf Fallize, Römisches Tagebuch 1866-1871. Herausgegeben von Joachim Köhn unter Mitarbeit von Jean Malget. Herder Verlag, 2015, 391 S. ISBN 978-3-451-30747-8
  • Marcel Kieffer, 2016. Schicksalsjahre 1866-1872. Ein Luxemburger Seminarist zwischen Garibaldi und Pius IX. Die Warte 21|2514 vum 7. Juli 2016, S. 10-11.
  • Denis Scuto, 2016. Chroniques sur l'an 40. Les autorités luxembourgeoises et le sort des juifs prsécutés. Éd. Fondation Robert Krieps, Luxembourg, 197 p. ISBN 978-2-91-9908-10-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Baptiste Fallize – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Jespers, J. J., 2005. Dictionnaire des noms de lieux en Wallonie et à Bruxelles. Éditions Racine, Bruxelles, S. 18. [1]
  2. 2,0 2,1 A senger Autobiographie huet de Fallize geschriwwen (Malget 1983, S. 614s): Als mein Vater sich mit meiner Mutter Therese Pfeffer aus Ettelbrück verheiratete, ließen sie sich nieder in der Gerberei Betlingen, Gemeinde und Pfarrei Harlingen. Hier wurde ich geboren am 9. November 1844. Gerade zur Zeit meiner Geburt wurde die Grenze zwischen Luxemburg und Belgien neu regulirt und die Gerberei Betlingen, als zu Belgien gehörig erklärt, wobei aber meine Eltern und somit auch ich die luxemburgische Staatszugehörigkeit behielten, trotzdem meine Geburt in der belgischen Gemeinde Villers-la-Bonne-Eau und meine Taufe in der belgischen Pfarrei Villers-la-Bonne-Eau eingetragen wurden. In der Taufe erhielt ich den Namen Johannes Baptist. Bald nach meiner Geburt siedelten meine Eltern über nach Arsdorf-Luxemburg, um im Jahre 1850 dauernd ihren Wohnsitz zu Harlingen zu nehmen und dort ihr Gerbergeschäft zu betreiben. Hier erhielt ich meine Kindererziehung.
  3. Den Denis Scuto (2016, Chroniques sur l'an 40, etc) schreift vun him: un des antisémites les plus actifs et les plus virulents que ce pays ait jamais connu. (...) L'antisémitisme qu'il prêche et popularise n'est pas seulement un antijudaïsme religieux, il renvoie à la notion de race juive, 'Judenrace',... et à la 'Judenfrage'. Il représente les juifs comme suppôt du capitalisme, de la modernité, du renversement des valeurs traditionnelles, incarnant le mal, qui veulent détruire le monde existant par un complot qui les ferait accéder au pouvoir mondial. Zitéiert nom Marcel Kieffer in: Die Warte vum 7. Juli 2016, S. 11.
  4. Marcel Kiefer 2016. Die Warte vum 7. Juli 2016, S. 12.
  5. Kuck: Monument Mgr Fallize Bettlange.