Edouard Molitor (Geeschtlechen)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Geeschtlechen Edouard Molitor. Fir aner Leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. Edouard Molitor.
Edouard Molitor
Gebuer 3. Januar 1912
Gestuerwen 20. Oktober 1999
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

Den Edouard Molitor, gebuer den 3. Januar 1912 zu Ohn, gestuerwen den 20. Oktober 1999 zu Dikrech, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Professer an Historiker.[1]

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

1949 huet den Edouard Molitor eng Aarbecht vun 53 Säiten am Kader vum Stage pédagogique fäerdeggeschriwwen a verdeedegt: La notion d'"Histoire chrétienne" et ses conséquences d'après la pensée contemporaine. Dat selwecht Joer am Hierscht krut hien a senger Qualitéit als docteur en philosophie et lettres seng éischt Nominatioun als Professer am Dikrecher Kolléisch.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Monseigneur Dr. Johann Olav Fallize: ein Kämpfer für das Reich Christi; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus-Verlag), 1969; 119 Säiten.
  • Mgr. J. P. Kirsch: das Lebensbild eines Gelehrten; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus-Verlag), 1956; 132 Säiten.
  • Monsignore Jean Origer - Defensor civitatis; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus-Verlag), 1963; 226 Säiten.
  • Dr. Friedrich Mack, der Herold des grossen Königs; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus-Verlag), 1958; 119 Säiten.
  • Jacques Meyers, ein Redner von Gottes Gnaden; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus-Verlag), 1955; 124 Säiten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Seiler, E., 1999. Professor Edouard Molitor zum Gedenken. Luxemburger Wort 1999, Nr. 274 (27. November), S. 19.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Seiler 1999.