Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Ker

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Ker
Gebuer 5 Januar 1900
Bouneweg
Gestuerwen 19 Juli 1951
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg

De Jean-Pierre ("Jemp" oder "Jempy") Ker, gebuer de 5. Januar 1900 zu Lëtzebuerg an och do den 19. Juli 1951 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Moler a Graveur.

Hie war Schoulmeeschter am Institut des sourds-muets.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Pierre "Jemp" Ker war de Jong vum Eisebunnsbeamte Georges Ker an der Marie-Anne Henin. Hien huet op der Normalschoul an der Stad Lëtzebuerg an zu Berlin studéiert. Vun 1923 un huet hien um Institut des sourds-muets Coursë ginn. 1924 huet hie sech mat der Marie Charlotte (Maya) Knaff bestuet. Am Zweete Weltkrich gouf hien op Tréier zwangsvsersat. Nieft senger Aktivitéit als Enseignant huet de Ker sech och fir de Scoutissem an de Sport engagéiert. Als jonke Mann war hien als Athleet, Boxer a Waasserballspiller aktiv. Méi spéit gouf hie Member vum Lëtzebuerger Olympesche Kommitee an de Sekretär vum Conseil Supérieur de l'Éducation Physique.

Als Kënschtler war de Ker Autodidakt.[1] Hien huet an Aquarell an an Ueleg gemoolt, an Illustratioune fir (Kanner)bicher, Zäitschrëften a Kalennere gezeechent. 1933 gouf hie Member vum Cercle Artistique de Luxembourg a war vun 1947 bis zu sengem Doud Tresorier vum Cercle. 1947 koum Châteaux du Luxembourg eraus, mat zwielef Bilddréck, wouvun der fënnef vum Ker a siwe vum Jean-Pierre Gleis waren.[2] Déi zwéin hu jiddereen a sengem Stil gemoolt; d'Escher Tageblatt huet dozou geschriwwen:

"Sie enthält von Jempy Ker fünf markige, herbe, schwarz-weiß Zeichnungen der Burgruinen von Brandenburg, Fels, Burglinster, Esch-Sauer und Hesperingen. Jede ein Kleinod, in bekannter subjektiver Meisterschaft vom Künstler aufgenommen und dargestellt. Jean-Pierre Gleis sieht objektiver und präsentiert seine Bilder mit allen Details und in feinster, eleganter Klarheit. Mit großer Treue für die photographisch-exakte Realität legt er uns die Bilder der Burgruinen von Ansemburg, Befort, Useldingen. Schieburg, Burscheid, Clerf und Vianden vor. Beide Zeichenmethoden sind gleich interessant und beachtenswert."[3]

De Jemp Ker ass am Alter vun 51 Joer gestuerwen a gouf um Stater Nikloskierfecht begruewen.[4] Posthum krut hien d'Gëlle Verdéngschtmedail vum Mérite sportif.[5]

Wierker (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1935: Titelsäit vuKlôr Stonnen, e Lidderbuch fir Gesang a Piano vum A. Foos.
  • 1945: Titelsäit vu Schreckesténer Visio’nen : D´Liewen an der Déportatio’n vum Jean Proess. Luxemburg: Imprimerie P. Linden.
  • 1945: Illustratioune fir Madame Molitor & Cie, e Buch vun der Ry Boissaux. Luxemburg: Éditions de l'imprimerie Saint Paul.
  • 1946: Zertifikat fir d'Ernennung vum Winston Churchill zum Éierebierger vun der Stad Lëtzebuerg.
  • 1946: Illustratioune fir d'Gedichtersammling Am Bambösch a soss am Land vum Dr. Ernest Feltgen. Luxemburg: Imprimerie P. Linden.
  • 1946: Illustratioune fir Heeméchtsstêren : Séercher a Geschichten fir ons Kanner" vum Jempi Braun. Luxemburg: Joseph Befort.
  • 1947: Titelsäite vun toursitesche Broschüre fir den Office Luxembourgeois de Tourisme, mat Texter vum Marcel Noppeney.
  • 1947: Gravure fir Châteaux du Luxembourg. Edition de l'Art de l'école. Luxemburg: Imprimerie P. Linden.
  • 1948: Affiche fir d'Loterie nationalevum Œuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte (au profit de l'oeuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte 2me tranche 1948, tirage le 12 février). Luxemburg: Ed. Huss & Cie.
  • 1949: Illustratioune fir Allerhand Reimercher, Sprechelcher, Gedichter, Lidder a Gebieder fir ons Kleng vum P. Schneider.
Commons: Jean-Pierre Ker – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. p. 154.
  2. "Chateaux du Luxembourg", Luxemburger Wort, 16. Juli 1947 [Digitaliséiert vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik].
  3. "Neuescheinungen : Châteaux du Luxembourg", Escher Tageblatt, 18 juli 1947 [Digitaliséiert vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik].
  4. "Monsieur Jemp KER", Doudesannonce am Luxemburger Wort, 21. Juli 1951; "Jemp Ker †.", Luxemburger Wort, 21. Juli 1951 [Digitaliséiert vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik].
  5. "Hohe sportliche Auszeichnung", Luxemburger Wort, 13. September 1951 [Digitaliséiert vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik].

Quell: Dësen Artikel gouf ausgebaut als Iwwersetzung vun (nl)Jemp Ker an der Versioun vum 26.01.2025 (Auteure bis dohi stinn do am Versiounshistorique).