Op den Inhalt sprangen

Jean-Baptiste Gellé

Vu Wikipedia
Jean-Baptiste Gellé
Gebuer 23. Juli 1777
Créhange
Gestuerwen 16. Mäerz 1847
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber

De Jean-Baptiste Gellé, gebuer den 23. Juli 1777 zu Créhange, a gestuerwen de 16. Mäerz 1847 an der Stad Lëtzebuerg, war en héije Beamten a Regierungsmember zu Lëtzebuerg.

Hie war Secrétaire d'Etat adjoint, Divisiounschef vum Département des Forêts, Regierungssekretär, President vun der Unterrechtskommissioun, Generalsekretär an da vun 1840 bis 1847 Member vun der Regierung. Hie war och President vun der Fräimaurerloge.

Nom Jean-Baptiste Gellé ass eng Strooss zu Bouneweg benannt; se verleeft als Verlängerung vun der rue Fernand d'Huart bis bei d'rue Pierre Krier.

  • Commandeur de l'ordre du Lion néerlandais (Promotioun 1841)
  • Commandeur de l'ordre de Léopold (Promotioun 1843)
  • Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne Oromotioun 1842