Ferdinand d'Huart
Ferdinand d'Huart | |
---|---|
Gebuer |
13. Mäerz 1858 Soller |
Gestuerwen |
27. Januar 1919 Lëtzebuerg |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Moler, Kënschtler |
Famill | |
Kanner | Adrienne d'Huart |
De Ferdinand d'Huart (genannt Fernand oder Fenny), gebuer den 13. Mäerz 1857[1],[2][3] zu Soller, a gestuerwen de 27. Januar 1919[4] zu Märel (haut Stad Lëtzebuerg), war e lëtzebuergesche Moler.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet op der Konschtakademie vu München a Paräis studéiert. Do war hie Schüler vum franséische Moler Alexandre Cabanel (Prix de Rome:1845). Duerno huet hien an engem Pensionat, dem Collège des Oratoriens zu Juilly-sur-Seine, Zeechecourse ginn.
1907, nodeem dës Schoul huet misse zoumaachen, koum hien hannescht op Lëtzebuerg a gouf Zeecheprofesser am Stater Kolléisch.
Als Moler huet e sech virun allem en Numm gemaach duerch Portraite vu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vu Blummesujeten.
Vun 1910 bis 1919 war de Ferdinand d'Huart President vum Cercle Artistique de Luxembourg.
Seng Duechter, d'Adrienne d'Huart, gebuer 1892, a gestuerwen 1984, war och Molerin.
Zu Bouneweg ass d'Rue Fernand d'Huart no him benannt.
Säi Wierk (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]-
"L'Élégante aux roses"
-
E Blummebouquet
Ausstellungen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Abrëll 1919: Casino Lëtzebuerg[5]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier de l'Ordre de la couronne de chêne[4]
- Chevalier de l'Ordre de la couronne de Belgique[4]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- APEA: “Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, réalisé par l'Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur”, S. 92-93, Imprimerie Saint-Paul, 1987, ISBN 2-87963-000-2
- Friedrich, E.: Ferdinand d'Huart, Porträt- und Blumenmaler, Revue Nr. 52, 1979
- Anonym, 1963. Étapes de la peinture luxembourgeoise. 19e siècle: [Exposition] du 1er au 16 juin 1963. Musée d'histoire et d'art, Luxembourg. Impr. Linden, Luxembourg. Follgend Artiste gi behandelt: Jean-Baptiste Fresez, Mathieu Kirsch, Hilaire Kreins, Jacques Sturm, Jean-Nicolas Bernard, Nicolas Liez, Jean-Auguste Marc, Pierre Brandebourg, Michel Sinner, Michel Engels, Michel Weyler, Frantz Seimetz, Thérèse Glaesener-Hartmann, Ferdinand d'Huart, Jean-Pierre Huberty, Alphonse Jungers, Dominique Lang
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ferdinand d'Huart – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Portrait vum Ferdinand d'Huart um Site vun der Gemeng Wanseler; archivéiert Versioun
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Friedrich, E., 1984, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an ons stad, Nr. 15, S. 26-27
- ↑ Am “Regard sur deux siècles de création...” gëtt als Gebuertsdatum den 13. Mäerz 1858 uginn
- ↑ Am Etat civil vu Wanseler [1] vun de Lëtzebuerger Nationalarchiven ass als Gebuertsdatum den 13. Mäerz 1858 agedroen
- ↑ 4,0 4,1 4,2 Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 29. Januar 1919
- ↑ Annonce am Tageblatt vum 1. Abrëll 1919