Op den Inhalt sprangen

Geographie vun Australien

Vu Wikipedia

Australien ass dee klengste Kontinent, awer dat sechstgréisst Land op der Welt. Et gehéiert zu Ozeanien a läit op der südlecher Hallefkugel tëscht dem Indeschen Ozean an dem südleche Pazifeschen Ozean.

Et huet eng Fläch vu 7.741.220 km², dovu si 7.682.300 km² Land an 58.920 km² Waasser[1]. Vun Norde bis Süde sinn et ongeféier 3.700 km a vu Westen no Osten ongeféier 4.000 km.

Australie läit a verschiddenen Zäitzonen, déi bei + 6 bis zu + 10 Stonnen zu Mëtteleuropa leien:

Australien ass eent vun de kontrasträichste Länner op der Welt mat senge Savannen, Wüüsten, dem Outback, sengen Nationalparken a Reebëscher. De gréissten Deel vum Zentrum a vum Weste vun Australien, de sougenannten Outback, ass onbewunnbar.

Am Norde vum Kontinent gëtt et haaptsächlech tropesch Bam- a Grassavannen. Op de Küsten dogéint ass et Reen- a Mangrovebësch deen d'Iwwerhand huet. Am Banneland an am Weste gëtt et haaptsächlech Steppen a Wüüsten. Dréchent Buschland ass wäit verbreet mat villen Eukalyptus- an Akazienaarten.

Nieft schmuelen tropesche Reebëscher am Norden, si Bëscher am Osten um Great Dividing Range ze fannen.

Jee no Géigend an Australie gëtt et ganz verschidde Klimazonen. Am Norden ass et tropesch waarm a fiicht, am Süde subtropesch bis waarm an am Banneland ass et dréchen an et besteet e Wüsteklima.

Nidderschléi gëtt et genuch am Norden (Monsun), am Oste gëtt et passatesch Staunidderschléi an am Südwesten an am Südoste gëtt et zyklonesch Wanternidderschléi.

Déi héchst Temperatur gouf am Joer 1889 zu Cloncurry am Queensland gemooss, et waren +53 °C. Déi niddregst war -23 °C am Joer 1994 zu Charlotte Pass an de Schnéifelder vum Mount Kosciuszko.

D'Reenzäit ("The Wet") ass ganz ënnerschiddlech. Meeschtens ass si awer tëscht Dezember an Abrëll. De Summer ass haaptsächlech am Süde ganz dréchen a gliddeg waarm. Den Héichsummer ass och d'Zäit vun de Bëschbränn an Australien.

 Commons: Geographie vun Australien – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Area - The World Factbook. www.cia.gov Archivéiert de 05.01.2024. Gekuckt den 02.08.2025.