Op den Inhalt sprangen

Ekonomie vun Australien

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Skyline vu Sydney, engem grousse Finanz- an Déngschtleeschtungszentrum

D'Ekonomie vun Australien ass eng vun de gréisste kapitalistesche Wirtschaften op der Welt, mat engem Bruttoinlandsprodukt vun 1,635 Billiounen USD (2024).[1]

D'Land a seng Ressourcen

[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel de Secteur vun der Agrikultur hautdesdaags bei wäitem net méi sou wichteg ass wéi fréier, hänkt awer nach ëmmer e groussen Deel vum Räichtum vum Land vun der Zuucht vu Randbéischten a vun der Landwirtschaft of. D'Traditioun, fir Béischte weeden ze loossen, ass zur Zäit vun der Kolonialisatioun gebuer ginn, wéi déi éischt spuenesch Schof aus Südafrika agefouert goufen. D'Weede breede sech haut op ongeféier 90 % vun der benotzbarer Fläch aus. Australien ass den éischte Produzent an Exportateur vu Woll op der Welt, besonnesch vun der Merino-Woll, déi vu ganz gudder Qualitéit ass. Trotzdeem mécht d'Woll haut nëmmen ongeféier 8 % vum Benefice um Export aus. Ongeféier d'Hallschent vun der Woll gëtt an New South Wales an a Western Australia produzéiert. De Staat Victoria ass deen éischte Produzent vu Schofsfleesch.

All d'Staaten an Territoire vun Australie praktizéieren d'Véizuucht, mä Queensland ass den éischte Produzent, mat ongeféier 40 % vun der Kappzuel, déi am Ufank vun den 1990er Joren ongeféier 23,6 Millioune Käpp staark war.

Australien produzéiert grad sou gutt Fleesch- wéi och Mëllechartikelen. D'Mëllechindustrie ass haaptsächlech an dem Süd-Osten (besonnesch am Victoria) ze lokaliséieren, well et do méi reent. D'Farme sinn technologesch an der Spëtz vun deem wat sech haut maache léisst, am Géigesaz zu deem Bild, wat ee gär kritt, wann ee sech Sendungen iwwer den Outback ukuckt. Déi riseg Ranchen am Norden zum Beispill benotzen dacks Helikopteren a Motorrieder fir hir Träpp beieneen ze halen. Ufanks vun den 1990er Joren huet d'Randfleeschproduktioun bal 1,8 Milliounen Tonnen, an d'Mëllechproduktioun 7,3 Millioune Liter ausgemaach.

Obwuel nëmmen ongeféier 10 % vun der Gesamtfläch vun Australie fir "cultures alimentaires" ze gebrauche sinn, ass dëse Secteur ganz wichteg fir d'australesch Ekonomie. De Weess mécht ongeféier 45 % vun der ugebauter Fläch aus. D'Fudderplanzen an aner Fruuchtzorte maachen ongeféier 20 % aus. De Weessubau ass extreem mechaniséiert, a gëtt an alle Staate praktizéiert. Den Ubau ass awer och haaptsächlech am Süd-Osten a Süd-Westen ugesidelt. Allgemeng huet d'absolut Produktioun an de leschte Joren ëmmer méi ofgeholl, well d'Leit op nei, méi rentabel, Zorten ëmklammen.

Den Huewer, d'Geescht, de Kar, de Mais an den Tubak spillen och eng wichteg Roll. Räis a Kotteng ginn haaptsächlech an der Reenzon ëm de Murrumbidgee Floss am Queensland an an New South Wales ugebaut. Den Zockerrouer-Ubau ass op Queensland an am Distrikt vu Richmond River an New South Wales beschränkt, well do de beschte Buedem ass. 1992 sinn ongeféier 20,3 Milliounen Tonnen Zockerrouer produzéiert ginn. Et gëtt och vill Friichten ugebaut, ënner anerem Äppel, Banannen, Drauwen, Orangen, Bieren, Ananassen a Papayaen. D'Haaptubaugebidder fir de Wäi sinn d'Däller vu Barossa a South Australia, den Hunter Valley an New South Wales a verschidde Regiounen a Victoria, besonnesch awer den Dall vum Floss Murray.

D'Bëscher bedecken hautdesdaags nëmmen nach eng Fläch vun ongeféier 8 %. De Groussdeel vum Holz dat fir de Commerce bestëmmt ass, gëtt aus Nolholzbëscher gewonnen. D'Eukalyptus-Holz gëtt haaptsächlech fir d'Miwwelproduktioun benotzt. Ongeféier 9,4 Milliounen Hektar si permanent geschützt.

D'australesch Waasserfläche bidden ongeféier 2.000 verschiddenen Zorte vu Fësch, an enger Hellewull anere maritimme Liewewiesen, e Liewensraum. D'Ausnotze vun de Waasserflächen duerch d'Fëscherei ass awer zimmlech kleng, mat ongeféier 225.000 Tonnen am Joer. Interessant ass an deem Sënn datt ongeféier 50 % vun de Recettë vun de Crustacéeë kommen.

Australie war bis zum Schluss vun den 1970er Joren eng vun de gréisste Walfänkernatiounen, mä huet zanterhier déi Aktivitéit, ausser fir "wëssenschaftlech Zwecker", opginn.

Minnen an Industrien

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
 Commons: Ekonomie vun Australien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. CIA World Fact Book (gekuckt den 2. August 2025)