Zeie vum Jehova

Vu Wikipedia

D'Zeie vum Jehova, offiziell zu Lëtzebuerg : Zeie vu (Sic!) Jehova, sinn eng pseudo-chrëschtlech, millenaristesch (chiliastesch) an net-trinitaresch ausgeriicht Reliounsgemeinschaft. Si sinn 1931 aus enger Grupp vun der Bibelfuerscherbeweegung ervirgaangen. Um Enn vum 19. Joerhonnert gouf déi ursprénglech Organisatioun "International Bibelfuerschervereenegung" vum Charles Taze Russell gegrënnt.

D'Zeie vum Jehova si fir hir markant Missiounsaarbechte bekannt. Eng aner markant Eegenschaft ass hiert strengt Oflehne vu Blutttransfusiounen. Wat si vun anere Chrëschten ënnerscheet, ass d'Tatsaach, datt si keng reliéis Feierdeeg a Gebuertsdeeg feieren. Déi gëllen nämlech als heednesch a gi vun den Zeien net akzeptéiert.

Glawen[änneren | Quelltext änneren]

De Glawe vun den Zeien ass reng vun der Bibel ofgeleet. Fir si ass d'Bibel déi helleg Offenbarung vun der Wourecht. Si versichen déi richteg chrëschtlech Traditioun anzehalen an hiert Liewe streng no der Bibel ze riichten.

Gottesbild[änneren | Quelltext änneren]

D'Zeie vum Jehova gleewen un een allmächtege Gott, deen d'Universum an d'Liewe erschaf huet. De Jehova ass fir si eng omnipresent Figur, déi sech duerch Léift, Wäisheet a Gerechtegkeet auszeechent. Gott existéiert onofhängeg vun de Mënschen, mä intresséiert sech fir all Mënsch.

De Jesus ass e mächtegt Wiesen, mä net allmächteg wéi Gott. Den hellege Geescht ass eng Kraaft vu Gott a keng eegestänneg Figur. D'Dräifaltegkeet gëtt domat ofgeleent. Gebieder däerfe just u Gott eleng geriicht sinn.

Jesus[änneren | Quelltext änneren]

De Jesus gëllt als dat éischt an eenzegt vu Gott erschaaft Wiesen. Hie wier deemno scho viru sengem Liewen op der Äerd gewiescht. No senger Operstéiung ass en dunn onstierflech ginn. Fir d'Zeien ass et wichteg, datt Jesus net Gott ass, mä deem säi Jong.

Am Géigesaz zu der kathoulescher Kierch sinn d'Zeie vum Jehova der Iwwerzeegung, datt just seng Séil operstanen ass. Hie war also e Mënsch, dee gestuerwen ass, deem seng Séil operstanen ass. An deem Aspekt géif hien dem Äerzengel Michael gläichen. An der Neier Welt Bibel steet näischt vun enger Kräizegung.

Daf[änneren | Quelltext änneren]

D'Zeie vum Jehova hu kee festen Alter fir eng Daf virgesinn. Trotzdeem gi wéineg Kanner ënner 16 Joer gedeeft. Wann e Gleewegen de Wonsch huet, gedeeft ze ginn, gëtt mat him Gespréicher gefouert, déi beleeë sollen, datt de Kandidat genuch Wëssen a Versteesdemech fir säi Glawen huet. Et soll em bewosst sinn, datt hien déi Entscheedung selwer treffe muss a wéi en Ausmooss déi Entscheedung mat sech bréngt. D'Dafe ginn op sougenannte Kongresser ofgehalen. E Kongress ass eng Gruppeversammlung. Am Géigesaz zu de kathouleschen, protestanteschen oder orthodoxe Chrëschte gëtt bei enger Daf de ganze Kierper an d'Waasser gezappt an dobäi gëtt net gebiet.

Ëmgang mat Blutt[änneren | Quelltext änneren]

D'Zeie vum Jehova leenen all Blutt an all Bluddeges an der Ernierung of, well no der Bibel, am 1. Buch Mose 9,4 steet, datt ee kee Fleesch vun Déieren däerf iessen, wat net ausgeblutt ass. Zanter 1944 leene si och Blutttransfusiounen of, well Blutt just fir den hellege Gebrauch soll sinn.

Opfällegkeeten[änneren | Quelltext änneren]

  • Si si staark ofgegrenzt vun allen aneren Reliounen
  • Si betounen apokalyptesch Bibelpassagen an Erléisungsverspriechen
  • Si hunn eng streng, autoritär an zentral Organisatioun
  • Si rekrutéieren aktiv nei Unhänger

Versammlungen a Kongresser[änneren | Quelltext änneren]

D'Zeie vum Jehova treffe sech zweemol d'Woch a klenge Gruppen, an ee- bis dräimol am Joer op Kongresser. De Kongress, deen am Summer ass, ass als de "regionale Kongress" bekannt. Alles ass zentral organiséiert an de Programm ass bis an den Detail duerchgeschafft a virgeschriwwen. Dozou treffe si sech all Joer op enger Gedenkfeier fir un den Doud vu Jesus z'erënneren, do ginn d'Symboler Brout a Wäin ronderëm gereecht, et dierfen awer nëmme wéineg Leit eppes dovun huelen.

Zeie vum Jehova zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Zeie vum Jehova versammele sech zu Lëtzebuerg an 9 verschiddenen Uertschaften an halen hir Versammlungen a verschiddene Sproochen[1].

  • an der Stad op Italieenesch, Chineesesch, Däitsch, Kroatesch, Englesch, Franséisch, Spuenesch a Russesch
  • zu Ettelbréck op Däitsch, Portugisesch a Franséisch
  • zu Steesel op Däitsch, Portugisesch, Polnesch a Kapverdesch kreolesch
  • zu Steenem op Däitsch a Portugisesch
  • zu Knapphouschent op Däitsch, Franséisch a Portugisesch
  • zu Greiweldeng op Däitsch, Portugisesch a Franséisch
  • zu Esch-Uelzecht op Italieenesch a Portugisesch
  • zu Déifferdeng op Däitsch, Franséisch, Portugisesch
  • zu Diddeleng op Däitsch, Franséisch, Portugisesch

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zeie vum Jehova – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Versammlungen vu den Zeie vum Jehova sichen