Kräizegung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Herrad of Landsberg: Kräizegung vum Jesus vu Nazaret, Illustratioun aus dem Hortus deliciarum

D'Kräizegung ass eng speziell Form vun der Hiriichtung. Den zum Doud veruerteelte Mënsch gëtt dobäi ëffentlech un e Gerëscht a Form vun engem Kräiz gehaangen a bleift hänke bis e stierft.

D'Kräizegung an der Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Crux Simplex vum Justus Lipsius.

Geschichtlech ass d'Doudesstrof aus dem Ophänken ervirgaangen. D'Kräizegung soll eng Strof sinn, bei där den Doud méiglechst lues antriede soll an déi esou fir de Veruerteelten esou qualvoll wéi méiglech si soll. Duerch déi besonnesch Grausamkeet, mä och duerch déi ëffentlech Erniddregung, soll d'Bestrofung virun allem eng ofschreckend Wierkung hunn.

Wëssenschaftler gesinn eng Rei méiglech Doudesursaachen bei der Kräizegung, ënnert anerem Häerz-Kreesslafversoen, Iwwermiddung, Erstécken, eng Bluttvergëftung, Erdiischteren oder och eng Kombinatioun vun dëse Faktoren.[1]

Phenizien a Persien[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Spure vun der Kräizegung fanne sech am antike Mëttelmierraum. Eng primitiv Form vun der Kräizegung war schonn de Phenizier bekannt. Verschidde Verbriecher goufen do einfach un e Bam gestréckt, bis se erdiischtert oder erhéngert sinn. Duerch den Handel vun de Phenizier huet sech déi Form vun der Bestrofung séier an de mesopotamesche Raum a bis a Persien ausgebreet, wou d'Kräizegung am 5. Joerhonnert v.Chr. besonnesch heefeg war. Och d'Perser hunn de Veruerteelte nëmmen ugestréckt, awer ni ugeneelt.

Griicheland[änneren | Quelltext änneren]

D'Griiche waren déi éischt, déi de Veruerteelten un en Objet geneelt a speziell Plaze fir d'Kräizegung geschaf hunn. Och wann d'Kräizegung an der antiker Literatur kaum ernimmt gëtt, weess een, datt et eng regulär Strof war bei Verbriechen, déi d'Eegentum betraff hunn. Sou gouf d'Kräizegung relativ dacks praktizéiert, huet awer virun allem Leit aus der Ënnerschicht betraff.

Réimescht Räich[änneren | Quelltext änneren]

D'Réimer hunn d'Kräizegung wahrscheinlech vun de Karthager iwwerholl. Fir d'Réimer war d'Kräizegung eng grausam Erniddregung fir de Veruerteelten an huet entweder op dee niddrege soziale Status vum Veruerteelten oder op eng besonnesch schlëmm Dot higewisen. Laut réimeschem Gesetz war d'Kräizegung als Strof fir réimesch Staatsbierger absolut tabu.

Gekräizegt Sklaven, vum Fjodor Andrejewitsch Bronnikow

Am Réimesche Räich war d'Kräizegung haaptsächlech de Sklaven, de Piraten an de Staatsfeinde reservéiert. Sklave sollten och vun enger Flucht oder vum engem Opstand ofgeschreckt ginn. Et ass zum Beispill iwwerliwwert, datt de Gaius Iulius Caesar eng 30 Piraten, déi hien am Joer 76 v. Chr. iwwerfall haten, kräizege gelooss huet. Am Joer 71 v. Chr. goufe méi wéi 6000 Sklaven, déi sech um Opstand vum Spartacus bedeelegt haten, laanscht d'Via Appia u Kräizer geneelt[2].

Och a besate Gebidder gouf d'Kräizegung méi dacks praktizéiert; d'Ofschreckung sollt hei d'Pax Romana oprecht erhalen.

Et gouf keng offiziell Prozedur fir d'Kräizegung, den Henker hat d'Fräiheet, iwwer den Oflaf ze bestëmmen. Dacks gouf de Veruerteelten mol als éischt ausgedoen an ausgepäitscht. Dann huet hien eng Dunn (entweder riicht oder a Form vun engem Dräieck, der sougenannter furca) bis op déi Plaz missen droen, wou hie sollt gekräizegt ginn. Do ass hien dann un déi Dunn gestréckt oder geneelt ginn. Wann Neel benotzt goufen, dann ass drop opgepasst ginn, datt de Veruerteelte méiglechst wéineg Blutt verluer huet. Wahrscheinlech ass den Nol net duerch d'Handfläch, mee an den Ënneraarm tëscht déi zwou Schanke geschloe ginn. Da gouf d'Dunn entweder un engem Bam oder Poteau, deen am Buedem stoung, festgemaach.

Je nodeem wou d'Dunn festgemaach gouf, ënnerscheet een dobäi tëscht enger crux commissa (an der Form vun engem T) oder enger crux immissa. A méi rare Fäll konnt de Veruerteelten och einfach un e Poteau (crux simplex), e Bam (arbor infelix) oder en Andreaskräiz (crux decussata) gehaange ginn.

Heiansdo hunn d'Réimer d'Stierwe vun Veruerteelte beschleunegt, andeems si him d'Bee gebrach hunn. Esou ass de Veruerteelte relativ séier erstéckt, wat d'Strof e bësse manner qualvoll gemaach huet. Fir d'Strof méi grausam ze maache, krut de Veruerteelte deeglaang mat Hëllef vun engem Schwamp Waasser ze drénken, esou datt hie net erdiischtert ass a seng Péng méi laang war.

De Konstantin de Groussen huet d'Kräizegung am réimesche Räich am Joer 377 n. Chr. ofgeschaf.

Japan[änneren | Quelltext änneren]

Kräizegung ca. 1865–1868 zu Yokohama, Japan.

D'Kräizegung (haritsuke, 磔) ass a Japan während der Sengoku-Zäit (1477-1573) opkomm, wahrscheinlech duerch den Afloss vum Chrëschtentum, dat sech déi Zäit och an där Regioun verbreet huet. Bis zu där Zäit sinn et a Japan iwwer 350 Joer laang keng Hiriichtunge méi ginn.[3]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Märtyrer vun Nagasaki Nuvola apps xmag.png
1597 goufe 26 Chrëschten, franziskanesch a jesuitesch Missionären, zu Nagasaki gekräizegt. Dëst Evenement markéiert den Ufank vun der Chrëschteverfolgung a Japan, déi bis 1871 gedauert huet a während där et ëmmer nees zu Kräizegunge komm ass.

Während dem Zweete Weltkrich goufen a Japan Krichsprisonnéier gekräizegt.

D'Kräizegung an der Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Juddentum[änneren | Quelltext änneren]

Schonn am antike Juddentum war d'Kräizegung bekannt. Nom alen Testament steet se symbolesch fir de Fluch vu Gott (Dtn 21,23; Gal 3,13). Aner Quelle (Gen 40,18f; Esr 6,11; Est 9,13ff) weisen och, dat d'Judden de Gekräizegten nëmme bis dem Owend um Kräiz gelooss hunn, fir d'Land net reliéis ze veronrengegen.

Chrëschtentum[änneren | Quelltext änneren]

Kruzifix am Chouer vun der Kierch zu Waldbriedemes

D'Kräizegung vum Jesus vun Nazaret spillt eng zentral Roll am neien Testament an huet esou eng fundamental Bedeitung fir d'Chrëschtentum.

Obwuel hiren historesche Kontext nach ëmstridden ass, gëllt dem Jesus seng Kräizegung haut als e gesécherte geschichtleche Fait, deen och mat Referenzen ausserhalb vun der Bibel beluecht ass. De jiddeschen Historiker Flavius Josephus schreift schonn a sengem Wierk Jiddesch Archeologie (gr. Ιουδαϊκή Αρχαιολογία):

„Zu dëser Zäit huet e Mann gelieft, de Jesus, e weise Mann, ... Esou huet hie vill Judden, awer och Heeden, ugezunn. Hie war de Messias. Nodeems déi Mächteg ënnert eis hien ugeklot haten, huet de Pilatus hien zum Doud um Kräiz veruerteelt...“

Flavius Josephus: Jiddesch Archeologie XVIII 3,3[4]

Dat Neit Testament gëtt eng relativ detailléiert Beschreiwung vum Jesus senger Verhaftung, senger Veruerteelung, senger Kräizegung a sengem Begriefnis.

Deem geméiss gouf de Jesus nom leschten Owesiessen vum Sanhedrin (de jiddeschen héije Rot) wéinst Gotteslästerung verhaft a fir säi Prozess bei den Herodes Antipas (d'réimesch Autoritéit a Galilea) an un de Pontius Pilatus (d'réimesch Autoritéit a Judea) ausgeliwwert. Op Uerder vum Pilatus sollt de Jesus du gekräizegt ginn, wëll hien de Usproch op e Messiastitel erhuewen hätt, wat am réimesche Räich als Oprou gesinn a mam Doud bestrooft gouf. Esou stoung och op der Plack um Jesus sengem Kräiz "Kinnek vun de Judden" (la. "Rex Iudaeorum"). Laut Mk 21,15-20 gouf de Jesus ausgedoen, ausgepäitscht, krut eng Därekroun opgesat a réimesch Zaldoten hunn hien ausgelaacht an op hie gespaut.

Dunn huet de Jesus säi Kräiz selwer missen op déi Plaz droen, wou hie sollt higeriicht ginn. Wéi hien um Wee dohin zesummegebrach ass, hu réimesch Zaldoten de Simon vu Cyrene gezwongen, d'Kräiz weider ze droen. Wou de Jesus um Bierg Golgotha, virun der Jerusalemer Stadmauer, ukomm ass, krut hien e Glas Wäin mat Myrrhe géint d'Péng ugebueden, wat hien awer refuséiert huet. Du gouf hie gekräizegt, säi Kräiz stoung tëschent deene vun zwee veruerteelte Verbriecher. Du soll hie geruff hunn, "Mäi Gott, mäi Gott, firwat hues du mech verlooss?" (en Zitat aus Ps 22,2) a kuerz dorop gestuerwe sinn.

Dem Jesus säin Doud um Kräiz huet an der chrëschtlecher Theologie eng grouss a wäit gefaasst Bedeitung. Engersäits soll d'Kräizegung weisen, datt Gott a senger mënschlecher Inkarnatioun de Summum vum mënschleche Leed materlieft huet an esou d'Leed vun all de Mënsche kennt a versteet. Anerersäits soll de Jesus, andeems hie sech selwer geaffert huet, fir all d'Sënne vun der Mënschheet gebéisst hunn a esou de Grondstee fir e neit Verhältnis tëscht Gott an de Mënsche geluecht hunn.

Islam[änneren | Quelltext änneren]

D'Kräizegung als Doudesstrof gëtt am Koran direkt op e puer Plazen ernimmt.

An der Sure 5:33 gëtt d'Kräizegung als eng weltlech Strof opgefouert fir all déi, déi den Islam bekämpfen oder a Gefor bréngen a net dovunner ofkéiere wëllen:

„De Loun vun all deene, di géint Gott oder säi Prophéit Krich féieren ... soll doranner bestoen, dat si ëmbruecht oder gekräizegt ginn.“

D'Sure 4:157 kontestéiert d'Kräizegung vum Jesus laut chrëschtlecher Erzielung:

„Si [d'Judden] hu gesot: 'Mir hunn de Jesus Christus, de Jong vun der Maria an dem Gott säi Prophéit ëmbruecht'. Si hunn e weder ëmbruecht nach gekräizegt. Villméi ass hinnen en aneren ähnlech virkomm [am Sënn vu: si hunn e mat engem anere verwiesselt].“

An der Geschicht vum Islam goufen och eng ganz Partie Apostate gekräizegt.

D'Kräizegung hautdesdaags[änneren | Quelltext änneren]

D'Kräizegung gëtt hautdesdaags op der Welt nëmme nach a ganz rare Fäll agesat, an dëst haaptsächlech an islamistesch geprägte Länner. Sou ass zum Beispill am Iran, am Sudan an a Saudi-Arabien[5] d'Kräizegung gesetzlech (baséiert op der staatlecher Interpretatioun vun der Shari'a) virgesinn. Amnesty International no ass et an deene Länner nach gängeg Praxis, datt Veruerteelter, déi schonn higeriicht goufen, fir een Dag op e Kräiz gehaangen an ëffentlech gewise ginn.[6]

Den 30. Abrëll 2014 hunn islamistesch Extremisten a Syrien 7 ëffentlech Hiriichtunge vollzunn. Fotoe vun dëser Dot, déi op Twitter verëffentlecht goufe, weise fälschlecherweis drop hinn, dat d'Victimen dobäi gekräizegt goufen. Wahrscheinlech awer goufen an deene meeschte Fäll déi betraffe Persounen fir d'éischt erschoss, ier si un d'Kräiz gehaange goufen.[7]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kräizegung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Kristina Killgrove: Line on the left, one cross each: Bioarchaeology of Crucifixion, poweredbyosteons.org, Abrëll 2011. Opgeruff den 23. Juni 2015.
  2. Jona Lendering: Appian on Spartacus, livius.org, Dezember 2008. Opgeruff den 23. Juni 2015.
  3. Charles A. Moore: The Japanese Mind: Essentials of Japanese Philosophy and Culture, East-West Center Press, 1967. Opgeruff den 23. Juni 2015.
  4. engleschen Text beim Perseus-Projet. Opgeruff den 23. Juni 2015.
  5. Amnesty International: Hinrichtung Verschoben, Mäerz 2013. Opgeruff den 23. Juni 2015.
  6. Amnesty International: Länderkurzbericht: Vereinigte Arabische Emirate, November 2006. Opgeruff den 23. Juni 2015.
  7. Islamic Extremists Now Crucifying People in Syria—and Tweeting Out the Pictures, The Daily Beast, Abrëll 2014. Opgeruff den 21 Juni 2015.