Märtyrer vun Nagasaki

Vu Wikipedia

D'Märtyrer vun Nagasaki ware 26 franziskanesch a jesuittesch Missionnairen an zum Chrëschtentum konvertéiert Japaner am Alter tëscht 12 an 64 Joer, déi 1597 op Uerder vum Hideyoshi Toyotomi higeriicht goufen.

Märtyrermonument zu Nagasaki

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Missionéierung a Japan, déi 1549 mam François Xavier ugefaangen hat, war am Ufank erfollegräich. Ëm 1590 sinn et eppes ëm 200.000 Chrëschte ginn, déi haaptsächlech an Zentraljapan an op der südlecher Insel Kyushu an ëm Nagasaki gelieft hunn. Nodeem d'Philippinnen awer 1587 vun de Spuenier ageholl gi sinn, huet déi japanesch Féierung gefaart d'Chrëschte géifen ze vill Afloss kréien an et kéint zu enger Eruewerung duerch d'Europäer kommen. Dofir huet den Herrscher vu Japan, den Toyotomi Hideyoshi, en Dekreet erlooss mat deem all auslännesch Geeschtlech aus Japan verbannt sollte ginn. Well den Hideyoshi awer weiderhin um Handel mat Portugal intresséiert war hat den Dekreet weider keng Konsequenzen an d'Missionnaire konnten hir Aarbecht weider maachen.

Zougespëtzt huet sech d'Lag awer wéi e spuenescht Schëff, d'San Felipe, 1596 op sengem Wee vu Mexiko no Manila virun der japanescher Küst Schëffbroch erlidden huet. Wéi d'Ladung du konfiskéiert gouf, huet de Kapitän vum Schëff eng Bemierkung gemaach déi d'Japaner als Menace fonnt hunn. Doropshi sinn op Uerder vum Hideyoshi all spuenesch Franziskaner, déi 1593 vun de Philippinne komm waren, gefaange geholl ginn. Ënner hinne waren och déi 3 Jesuitten, de Paul Miki, de Iacobus Diego Kisai an de Johannes Soan de Goto.

Hiriichtung[änneren | Quelltext änneren]

Déi dräi sinn op Kyoto bruecht gi wou se zesumme mat 6 Franziskaner a weidere 17 japanesche Chrëschte gefaange gehalen an zum Doud duerch Kräizegung verurteelt goufen. D'Hiriichtung sollt zu Nagasaki sinn. Als Ofschreckung si se nach op d'Haaptplaz vu Meako bei den Haapttempel vun der Stad bruecht ginn a kruten e Stéck vun hirem lénksen Ouer erofgeschnidden. Duerno si se ze Fouss an déi 1.000 km vu Stad zu Stad gedriwwe ginn, woubäi hir sougenannt Verbriechen ausgeruff an d'Leit zu Mësshandlungen ermontert goufen. Jiddweree vun deene 26 krut d'Fräiheet ugebuede falls en dem Chrëschtentum géif entsoen, mä kee vun hinnen ass drop agaangen.

De 5. Februar 1597 si si um Tateyama-Hiwwel zu Nagasaki gekräizegt ginn. Bei der japanescher Form vun der Kräizegung ginn eise Klameren ëm d'Handgelenker, d'Enkelen an den Hals gespaant an tëscht d'Been e Stéck fir d'Been ausenaner ze halen. Da gëtt de Kierper mat enger Lanz jeeweils duerch déi riets a lénks Rëpper bis op d'Schëller op der anerer Säit duerchstach.

Kanonisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Märtyrer sinn de 14. September 1627 vum Poopst Urban VIII. séileg, an den 8. Juni 1862 vum Poopst Pius IX. helleggesprach ginn.

Nimm vun de Märtyrer[änneren | Quelltext änneren]

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Märtyrer vun Nagasaki – Biller, Videoen oder Audiodateien