Op den Inhalt sprangen

Kierch Wäicherdang

Vu Wikipedia
Kierch vu Wäicherdang
Filialkierch vu Wäicherdang (2014)

Filialkierch vu Wäicherdang (2014)
Filialkierch vu Wäicherdang (2014)
Uertschaft / Plaz Wäicherdang
Par Clierf
Saint-Benoît
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Vinzenz
Baujoer 1729
Koordinaten 50° 02’ 12.2’’ N
      05° 59’ 18.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Wäicherdang ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Clierf Saint-Benoît, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Klierf gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Vinzenz deem säi Fest den 22. Januar gefeiert gëtt.

D'Kierch steet op der Haaptstrooss, dem CR327. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

D'Kierch an de Kierfecht goufen de 27. Mee 1963 als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Am Joer 1727 huet d'Par Wäicherdang mam Tirouler Steemetzer Andreas Schlottert e Kontrakt ofgeschloss fir de Bau vun enger neier Kierch. D'Kierch gouf 1729 gebaut, wéi och um Schlossstee vum Kiercheportal ze gesinn ass.[2] Et ass eng Barockkierch mat engem markanten Ënnentuerm, dee wäit iwwer d'Duerf eraus kuckt. Deen ieweschten Deel vum Tuerm mat där charakteristescher Zwiwwel gouf eréischt fofzeg Joer méi spéit dobäi gebaut. Um Tuerm vun der Parkierch stinn ënner dem Ënnendaach op den Ecker grouss Steefigure vun de véier Evangelisten.

Déi barock Miwwel an der Kierch goufe vum Baaschtnecher Sculpteur Jean-Georges Scholtus geliwwert: een Haapt- an zwee Säitenaltär mat Statuen, e Priedegtstull an zwee Beichtstill. Aussergewéinlech ass e Panneau mat den Duerstellunge vun de véierzéng hellegen Nouthëllefer.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Wäicherdang. Zur fréierer Par Wäicherdang huet ausser der Parkierch och nach d'Kapell vu Mecher gehéiert.

An der Wäicherdanger Kierch lauden zwou Klacken am Toun la dièse (b') a sol (g').

Commons: Kierch Wäicherdang – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  2. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 155