Demokratesch Arabesch Republik Sahara

Vu Wikipedia


Demokratesch Arabesch Republik Sahara
(DARS)

Fändel vun der Demokratescher Arabescher Republik Sahara

Wopen vun der Demokratescher Arabescher Republik Sahara

Detailer

Detailer
National Devise: Libertad, Democracia, Unidad (es) (Fräiheet, Demokratie, Eenheet)
Offiziell Sprooch: Arabesch, Spuenesch
 • Koordinaten: 24° 13’ 1’’ S
      12° 59’ 35’’ W
Staatsform: Staat mat limitéierter Unerkennung
Fläch: 266.000 km²
Bevëlkerung: 607.292
Zäitzon: UTC ±0
Internet TLD: .eh
Internationalen
Telefonsprefix
:
+212
rout: ëstlechen Deel vun der Westsahara (DARS); rout gesträift: westlechen Deel vun der Westsahara (de-facto: Maroc); gro gesträift: Maroc

D'Demokratesch Arabesch Republik Sahara (gekierzt DARS, Spuenesch República Árabe Saharaui Democrática, RAD) gouf am Laf vum Westsaharakonflikt 1976 vun der Frente Polisario ausgeruff. D'Republik gouf vun der Bevëlkerung vun de Sahrauis an de Regioune Saguía el-Hamra a Río de Oro gegrënnt. De Maroc revendiquéiert dat ganzt Gebitt awer och fir sech.

D'DARS gëtt vu ronn 50 Staaten grad wéi vun der Afrikanescher Unioun (AU) unerkannt, huet awer kee Sëtz bei de Vereenten Natiounen. D'Regierung vun der DARS kontrolléiert aktuell just en Drëttel vum Gebitt, revendiquéiert awer de ganzen Territoire vun der Westsahara. Zousätzlech kontrolléiert se awer nach véier Flüchtlingslageren an der Ëmgéigend vun der algerescher Stad Tindūf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Demokratesch Arabesch Republik Sahara – Biller, Videoen oder Audiodateien