Op den Inhalt sprangen

Céline Besch-Schmit

Vu Wikipedia
Céline Besch-Schmit
Gebuer 5. Oktober 1922
Altwis
Gestuerwen 24. Oktober 1991
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Botaniker, Mykolog
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois


D'Céline Besch-Schmit, gebuer de 5. Oktober 1922 zu Altwis, a gestuerwen de 24. Oktober 1991 an der Stad Lëtzebuerg[1], war eng lëtzebuergesch Mykologin.

Nodeems d'Céline Besch fënnef Kanner groussgezillt hat, huet si am « Service de la jeunesse » geschafft.

D'Céline Besch, déi zënter 1974 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) war, war déi dreiwend Kraaft bei der Grënnung vum Groupe de recherche mycologique[2] vun der SNL am Joer 1983. Si war och aktiv am Vulleschutz[3].

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Céline Besch-Schmit op luxracines.lu
  2. Massard 2015, S. 191.
  3. Regulus 1991.