Félix Welter

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Félix Welter
Gebuer 25. Abrëll 1898
Lëtzebuerg
Gestuerwen 29. September 1991
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Onofhängeg

De Félix Welter, gebuer de 25. Abrëll 1898 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 29. September 1991, war e lëtzebuergesche Jurist.

Vun 1927 bis 1928 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.

De 14. Dezember 1945 krut hien eng Nominatioun als Member vum Staatsrot. De 14. Februar 1952 gouf hie President vun där Institutioun an ass dat bis den 30. Juni 1969 bliwwen.