Édouard Widung
Ausgesinn
Édouard Widung | |
---|---|
Gebuer | 10. Juli 1906 |
Gestuerwen |
31. Mäerz 1991 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Apdikter |
Den Nicolas André Édouard Widung,[1] gebuer den 10. Juli 1906, gestuerwen den 31. Mäerz 1991 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Apdikter[2].
Hien ass den 31. Mee 1930 zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss ginn. 1933 huet hien dem Jacques Bos seng Apdikt, d'Mouerenapdikt um Roude Pëtz an der Stad Lëtzebuerg, ofkaaft[3].
Den Édouard Widung huet sech den 10. Februar 1934 mat der Madeleine Peters bestuet[1],[4].Der Koppel hire Fils, de Robert Widung, gebuer den 11. Mee 1942, ass och Apdikter ginn[5].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3 (S-Z). Eigenverlag, Luxemburg, S. 1343-1756, 1-24.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Luxemburger Wort 1934, Nr. 95 (6. April), S. 11
- ↑ Kugener 2005, S. 1706.
- ↑ Escher Tageblatt 1933, Nr. 214 (14. September), S. 3
- ↑ Luxemburger Wort 1934, Nr. 40 (9. Februar), S. 4
- ↑ Kugener 2005, S. 1706, 1707.