Wilfrid Hyde-White

Vu Wikipedia
Wilfrid Hyde-White
Gebuertsnumm Wilfrid Hyde White
Gebuer 12. Mee 1903
Bourton-on-the-Water
Gestuerwen 6. Mee 1991
Woodland Hills
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art,
Marlborough College
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Kanner Alex Hyde-White

De Wilfrid Hyde-White, gebuer den 12. Mee 1903 zu Bourton-on-the-Water an England a gestuerwen de 6. Mee 1991 zu Woodland Hills a Kalifornien, war en englesche Schauspiller.

Am Joer 1922 huet hie seng Schauspillercarrière zu London am St James's Theatre ugefaangen. Seng éischt Roll am Kino huet hien am Joer 1934 am Film Josser on the Farm vum T. Hayes Hunter gespillt. Bedeitend Filmer an deenen hien ze gesi war sinn am Joer 1949 de Nokrichsdrama The Third Man ënner der Regie vum Carol Reed mam Joseph Cotten an Orson Welles an am Joer 1964 de Musical My Fair Lady vum George Cukor mat der Audrey Hepburn am Rex Harrison.

De Wilfrid Hyde-White war an iwwer 150 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.

Hien ass de Papp vum Schauspiller Alex Hyde-White.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1934 bis 1939[änneren | Quelltext änneren]

vun 1940 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1983[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]