Jeff Feller

Vu Wikipedia
Jeff Feller
Gebuer 8. Januar 1991
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Foussballspiller

De Jeff Feller, gebuer den 8. Januar 1991 zu Ettelbréck, ass e Lëtzebuerger Politiker an zanter de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 Schäffe vun der Ärenzdallgemeng[1].

Vun 2011 bis 2015 war hie Generalsekretär vun de Jonken Demokraten (JDL).

Politesch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Jeff Feller ass zanter 2009 Member an der DP a bei de Jonken Demokraten (JDL) aktiv.

Am Dezember 2011 ass hie Generalsekretär vun der JDL ginn, nodeem säi Virgänger demissionéiert huet. De 5. Mee 2012 ass hien eestëmmeg vum Nationalkongress zu Steesel a senger Funktioun bestätegt ginn[2] a blouf bis 2015 op deem Posten[3].

An der DP ass hien am Comité vum Bezierk Norden, wou hien zanter Mee 2012 Sekretär ass, an am Comité Directeur vertrueden.

Gemengewalen 2011[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf hien an de Gemengerot vun der Ärenzdallgemeng gewielt.

Hie gouf dobäi mat 551 Stëmmen Éischtgewielten an der Walsektioun Miedernach an zweetgewielten an der ganzer Gemeng[4].


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Schäfferot vun der Ärenzdallgemeng Gearchiveerd op 2015-11-12. Gekuckt de(n) 2013-01-10.
  2. Nationalkongress 2012: die Jugend ist das Potential Luxemburgs
  3. JDL Nationalkongress: Die Jugend für Politik begeistern op jdl.lu de 24. Abrëll 2015, gekuckt den 12. Februar 2019
  4. Resultat Gemengewalen 2011 Aerenzdallgemeng