Diskussioun:Jerusalem

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hallo, hei muss annen emol gutt uframen. Da sing an meng biller die nix mit Jerusalem zu dun hann. --Berthold Werner 09:03, 7. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Ost-Deel vu Jerusalem[Quelltext änneren]

Tëschent 1948 an 1967 war d'Alstad vu Jerusalem ganz am Kinnekräich Jordanien. Zanter 1967 an der Occupatioun vun der Westbank, inklusiv Ostjerusalem, behaapt de Staat Israel EESÄITEG, ganz Jerusalem (déi méi rezent Quartier'en am Westen + d'Alstad) wier fir ëmmer d'Haaptstad vum "hebräesche Staat", wat awer international net unerkannt gëtt. Iwwregens huet de Kinnek vu Jordanie bis haut verschidde Rechter am Zesummenhang mat de Moscheeën op der Esplanade um Tempelbierg...

Hei steet (Referenz 1), den Ostdeel vu Jerusalem géif vun de Palästinenser kontrolléiert ginn. Dat ass net richteg, soss kéint d'Regierung vun Israel net ëmmer erëm zoulossen, datt Palestinenser verdriwwe ginn an Israeli do Wunnengen iwwerhuelen oder ganz nei bauen. Richteg ass awer, datt d'Palästinenser den Ostdeel vu Jerusalem als Haaptstad vun hirem zukënftege Staat beasprochen.

Jerusalem war an der Antike ee Kaff vun e puer Häiser, wou d'Jebuseeër gelieft hunn. Wat ass wuel aus deene ginn, wéi de Kinnek David d'Uertschaft eruwwert an zu séngem Regierungssëtz gemaach huet? Hien huet awer dofir gesuergt, datt d'Lued, déi den angebleche Bond vun den Israeliten oder Judde mat Gott soll symboliséieren (vgl. d'Geschicht vum Moses) do opbewahrt gouf. Spéider huet dem David säi Jong, de Kinnek Salomon, mat friemen Architekten, Techniker an Aarbechter aus Ägypten a Phönizien, een Tempel ëm déi Lued gebaut. Domat war de reliéise Charakter vu Jerusalem gefestegt, dës Stad gouf zum Zentrum vum jiddische Glawen, besonnesch spéider, wéi d'Judden an aller Welt - d. h. an der "Diaspora" - gelieft hunn an dovu gedreemt hunn, mol op Jerusalem ze pilgeren, wou d'Iwwerreschter vum (mëttlerweil drëtten!) Tempel stinn (vgl. "Klagemauer").

De Staat Israel, dee vun der UNO gegrënnt gouf, wëll prinzipiell eng Demokratie sinn, ee moderne Staat, wou am Fong jidderee misst kënne friddlech liewen. A Wierklechkeet ass Israel awer eng leider reng sionistesch Konstruktioun, déi eenzeg fir Judde soll gëllen, sou wéi de ganze Raum tëscht dem Mëttelmier an dem Jordan-Floss (verschidden Hardliner betruechten, mat der Bibel an der Hand, de Raum tëscht Nil an Euphrat als hellegt Land vun de Judden!!!). Well awer zu Jerusalem och aner Glawensformen a Reliounen hir Traditiounen oder Wuerzelen hunn [vgl. d'Grafkierch, d'Helleg-Anna-Kierch (wou Frankräich Rechter besëtzt!), déi sougenannt Omarmoschee, d'Al-Aksa-Moschee, asw.], ass de Statut vun där Stad bis haut net gekläert. Och de Vatikan-Staat huet e Problem mat den israeeleschen Uspréch! Da kann een ongebilten Topert wéi den Trump soe, wat hie wëll, de Problem bleift, bis en eng Kéier am Kader vun internationale Verhandlunge sérieux geléist gëtt; momentan huet hie just d'Hardliner op alle Säite bestätegt, respektiv d'USA isoléiert a geschwächt.

Chris P. Rolls